De Fernand Mathes schafft u sech… och an der Vakanz!

Endlech Vakanz …... a wéi dacks hu der dat an der Läscht héieren? Ech verstinn zwar, datt ee sech op déi Fuesvakanz freet, zemol an esou engem laangen dréiwe Wanter, wou ee keng Luucht kritt an et an de Mënsche genee esou gro ass wéi dobaussen. Nëmme fort, wann s de kanns an dëser Vakanz.
Allerdéngs zécken ech e bësse fir dat schéin ze rieden, mat där Fräizäit, de Weekender an de Vakanzen. Ech hat viru kuerzem mat engem gudde Kolleg eng länger hefteg Diskussioun iwwer „d' Fräizäitmentalitéit“ heiheem an ech hu mer vun him de Reproche misse gefale loossen, datt mir dat hei um Radio Dag aus, Dag an och nach géife verstäerken an nëmmen drop drécken, dat d' Liewe just liewenswäert wier um Feierowend, um Weekend am beschten nach mat enger Bréck an zu gudder Läscht an de Vakanzen. Mir géifen op déi Manéier haaptsächlech deene Jonken e falscht Bild vermëttelen a bräichten eis net ze wonneren, dat mer mat eisem Hully Gully an eiser Verherrlechung vum „non – foutissem“ d' Aarbechtsmoral an engem déiwe Keller géingen aspären.
Ech hu mech natierlech gewiert an ëm zeg Beispiller genannt, aus dem Noriichte-Beräich an aus eise Magazinemissiounen, wou mer d' Aarbecht als eent vun de wichtegste Gidder aus eiser Gesellschaft héich halen.
Eleng d' RTL – Intitative vum „Job-Dag“ schwätzt hei fir sech.
Dorop huet méi Kolleg mer gesot, wou de Schong hien eigentlech dréckt. Säi Jéngsten, 17, nach voll an der Pubertéit, weess näischt mat sech unzefänken, kee Bock op glat näischt an am allermannsten op Aarbecht. D' Mamm versicht dem Jüngling ze weisen, wéi flott, kreativ a konstruktiv d' Aarbechtswelt ka sinn, wann ee mat Loscht drun eru geet, ma all Méi ass fir d' Kaz.
De Kolleg, en éierlechen an engagéierte Staatsbeamten, dee richteg aus dem Suedel geet a vill schafft, krut no engem rezente Motivatiounsgespréich vu sengem Fissi och nach „d'Gretchefro“ gestallt: So Papp, wann s du da géings manner schaffen, kréichs de dann och manner an der Pei?

Als gudde Fonctionnaire huet en dës Äntwert misse schëlleg bleiwen.

Apropos "Schaffen, schaffen... Vakanz"