Eng eege Meenung

Auteur: Bea Kneip
Jiddereen huet eng, awer net all Mënsch wëll se och matdeelen. Et kann een se alt emol änneren oder och stur dorop sëtze bleiwen. Heiansdo huet ee souguer déiselwecht wéi den Noper, an anere Fäll geet se wäit auserneen an da kann et och emol Sträit ginn, et huet een, wéi ee sou schéi seet, eng “Meenungsverschiddenheet”. A genee dovu geet Riets, vun der eegener Meenung.
Op dat wierklech ëmmer streng geholl, déi “eege” Meenung ass, sief dohigestallt. Ëmmerhin gëtt se dacks staark vu bausse beaflosst, duerch dat wat een an de Medien héiert oder liest, duerch d’Elterenhaus, d’Matschüler, d’Noperen, Aarbechtskollegen an net zeläscht duerch eppes wat ee kéint den Zäitgeescht nennen. Dat wat grad “In” ass, wat allgemeng als richteg a gutt ugesi gëtt, oder, besser gesot, dat wouvun ee mengt dass et sou wier. Och Meenunge sinn also iergendwéi enger Moud ënnerworf. Zum Thema Homosexualitéit zum Beispill war de gesellschaftleche Konsens viru 50 Joer en aneren, wéi dat haut de Fall ass. Gutt dass sech do eppes geännert huet, dat ass emol meng Meenung.
Dat soll awer net heeschen dass mer alleguer déiselwecht Meenung hätten, ganz am Géigendeel. Wien sech hei op eisem Internetsite rtl.lu emol eng Kéier d’Commentairen zu verschiddenen Themen duerchliest, dem fält dat ganz séier op. Do gëtt nawell heiansdo ganz hëtzeg diskutéiert, an dat ass jo eigentlech och gutt esou, sou laang wéi eng gewëss Toleranz matspillt. An domat si mer beim Kär vun der Saach ukomm, der Meenungsfräiheet. Dee Begrëff huet et an sech. Seng eege Meenung hunn an se och offe soen, dat kléngt ganz einfach, ass et awer net. Dacks fäert een domat unzeecken, ee virun de Kapp ze stoussen oder falsch verstanen ze ginn. Dat si Momenter do behält een seng Meenung léiwer fir sech an heiansdo ass dat villäicht och besser esou. An da ginn et déi aner Momenter wou ee mengt einfach eppes soen ze mussen, well engem e bestëmmtem Thema wichteg ass, an wou een et dann awer net mécht, villäicht well een negativ Konsequenze fäert oder well een net wëll aus der Rei danzen. An zu gudder Lescht ginn et nach déi Situatiounen wou een tatsächlech de Mond opdeet. Da kritt een wuel heiansdo eng drop, et stéisst een op Onversteesdemech oder awer et mierkt een dass ee just dat ausgeschwat huet wat déi aner och scho laang geduecht hunn. Et ass also eng komplizéiert Saach, dat mat der eegener Meenung.
Oder? Wat mengt Dir dozou?