Wéini geet endlech d'Zukunft un?

Fir déi ënnert eis, déi d'läscht Woch net an d'Ausland gefuer sinn, war et Vakanz op der Strooss. Moies konnt ee gemittlech op d'Aarbecht fueren, ouni Stress, ouni Stau, ouni den übleche Beruffsverkéier. Fir all déi, déi an d'Skivakanz waren, war et business ass usual, déi stoungen am Stau op der Autobunn dohin an zréck, an dotescht beim Skilift, haut da rëm um Wee op d'Aarbecht an demnächst um Wee bei den Tram.
Honnertdausende Leit, déi sech all Moien op de Wee maachen, déi meescht dovunner fir an eng Betonskëscht ze goen, wou se dann 8 Stonne laang op ee Schierm stuerken, fir duerno rëm zréckzefueren, an eng méi kleng Betonskëscht, fir do op een aner Schierm ze stuerken, bis se an d'Bett ginn, a sech ausschlofen, fir dass Moies dat Ganzt rëm ka vu fir ugoen.
Den Avenir läit an der Zukunft, wéi eng grouss Philosophin mol sot, mä wat ass aus der Zukunft ginn ? Hate mer net mol versprach kritt, mat Internet, Webcams, mobilem Telefon a Virtual Reality kéinte mer eis vill Déplacementer spueren ? Waren net mol Leit der Meenung, de Pabeier dierft demnächst an de Beem bleiwen, well mer alles direkt um Schierm erleedege kéinten ? Ma wourunner hänkt et dann, dass Haut nach net Muer ass, arbechtstechnesch gesinn ? Ass et just de Chef, dee fäert dass seng Leit d'Konzept vum Télétravail ze vill wiertlech huelen, an doheem virun der Tëlee hänke bleiwen amplaz ze schaffen ? Oder sinn et net och d'Employéeë selwer, déi léiwer doru gemooss ginn, dass se 40 Stonnen d'Woch iergendwou tëscht Bürosstull a Kaffismaschinn physesch präsent sinn, wéi dorunner, wat konkret dobäi erauskënnt ?
Sécher, a ville Beruffer an Aufgaben ass et néideg op der Plaz ze sinn, wou och ëmmer déi ass - mä ginn et net och genuch aner Tâchen, déi genee sou gutt kéinte vun doheem, aus der Strandbar oder dem Fitnessstudio erleedegt ginn ? A mussen all déi, déi net ouni de physesche Kontakt mat den Aarbechtskollegen auskommen, sech wierklech un den nationalen Eentheetshoraire upassen, tëscht 8 an 9 ufänken, an tëscht 5 a 6 rëm ophalen ? Eng Saach ass sécher : soulaang mer weider um traditionellen Aarbechtsmodell festhalen, däerfe mer och weider am traditionelle Stau stoen.