Fir een, deen an engem Haus vun 1925 wunnt, ass et ëmmer rëm faszinant Leit nozekucken, déi een Neibau plangen. Déi wëlle keng Stuff méi, déi plangen ee Living, an och kee Buedzëmmer, mä eng Wellness Oase, a wéi et sech fir eng Oase gehéiert ass do, wann ech dat richteg verstan hunn, dann och ee Séi an der Géigend, op deem ... eng Kicheninsel schwëmmt.

Am Joer 2013 sinn alleng d'Kiche méi deier wéi an der Zäit nach ee ganzt Haus. Dat passt an d'Konzept. Well wien sech scho fir de Sportswon an der Afaart bis iwwer béid Ouere verschold huet, wäert déi Suen awer lo net ausgerechent mat enger bëlleger Abaukiche rëm wëllen eranhuelen.

A genee wéi beim Sportswon gëtt och an der Kichen net mat den Optioune gespuert. Wou soss ee Schäffchen an eng Kachplack duergoungen, brauch et lo : een Uewen, eng Microwell, een Dampfgarer, fest agebaut, e puer transparent Kachplacke mat Lasersensor a Computer, an zousätzlech, een elektresche Wok, eng Broutmaschinn, well Brout kann een am Uewe keent baken, een externe Pizzauwen, dat gëtt awer een anere Geschmaach, e Kuelegrill, een Elektrogrill, an ee Gasgrill, wann eng Kéier de Stroum ausfale géif a grad keng Kuele bei Hand sinn, een Fonduedëppen, e klassescht Frittendëppen, plus eent vun deenen neien, déi kee Fett méi brauchen, ee Raclette-Grill, an, well d'Pan op der Kachmaschinn net sou flott ass, ee Set fir Panescher um Dësch ze maachen, en Eeërkacher, well Eeër kann een am Dëppen op der Kachmaschinn keng kachen, e Kicheroboter, well Mixer sinn fir arm Studenten, 3 verschidde Kaffi- an Espresso- an Téimaschinnen, am léifste fest agebaut, direkt nieft der Maschinn, déi Äiswierfele fabrizéiert, eppes, wat kenger Truh méi zouzemudden ass.

Alles dat muss een haut anscheinend hunn, fir 355 Deeg d'Joer dann awer just d'Mikrowell ze benotzen an doranner Pärdslasagne vum Discounter opzewiermen. Wa mer da lo mol kuerz géifen dovunner ofgesi wat d'Leit soss denken, wann se op Besuch kommen … wann ee just eng Mikrowell, an ee Frigo kafe géif … wéi vill Joer laang kéint een mat deem gespuertene Geld dann all Dag an de Restaurant iesse goen ? Mä gutt, sou eng Fro ka sech wahrscheinlech och just ee Jonggesell stellen, dee kee passende Sportswon an der Afaart stoen huet.