So nimools ni

Dir kennt se bestëmmt och – déi Situatioun, wou ouni ze zecken, direkt behaapt gëtt: nimools - do mécht deen Heite bestëmmt net mat! Am heefegsten hunn ech dee Saz an Erënnerung, wéi den Handy agefouert gouf. Wien Ugangs den 90'er sou en Apparat hat, wor ustrengend a penibel – ganz Frëndschafte goufen a Fro gestallt. Haut, 20 Joer duerno, ka bal kee sech méi virstellen, ouni Handy iwwerhaapt nach Frënn ze hunn; a fir net gemobbt ze ginn, geet en einfache GSM schonns laang guer net méi duer – e Smartphone musst et do scho sinn.
Och historesch ginn et Situatiounen, wou d'Leit sech drop behaapten, dat géif sech nimools änneren. Sou war de Fall vu der däitscher Mauer fir vill Leit ondenkbar, genau sou wéi d'Virstellung, datt d'USA enges Daags e schwaarze Präsident kinnten hunn. A wann een d'Iddi vun enger Präsidentin oder enger Premierministesch an d'Feld werft, da gëtt op ville Plazen op en Neits erëm behaapt: nimools!
Wat d'Leit an dësem Fall beweegt, fir sou stur ze bleiwen – doriwwer ka just spekuléiert ginn, quitte datt wuel net ëmmer déi nobelst an altruisteschst Argumenter hei matspillen – wéi sou oft an der Politik.
De Showbusiness gesäit dat manner enk - 'so nimools ni' ass do Devis - bis op eng Ausnam. An déi war generationsiwwergräifend gekläert a jidderengem kloer: Nimools gëtt fräiwëlleg Musek vum Heino gelauschtert an e Kaf vun enger CD oder en Download ass an dësem Liewen ee fir allemol ausgeschloss. Dat war wouer bis Ugangs de Mounts – an du sollt et och dësem 'Nimools' goe wéi villen aneren: Den Heino, dee wuel bekanntsten däitschen Volleksmuseker, covert ganz cool an nonchalant däitsch Rockgréisste wéi Toten Hosen, Rammstein an d'Ärzte an - kuck do – lant net op der Nues, mä sprengt déi däitsch Downloadcharts. Op elo clevere Marketing, eng Iddi vum Hannelore, Revanche oder just schlechte Goût – doriwwer kann och hei just spekuléiert ginn – den Erfolleg ass jiddefalls eendäiteg.
De Volleksmond seet jo net fir näischt: Nëmmen deen Dommen ännert ni seng Meenung. Dofir opgepasst an iwwerleet Iech gutt ,wat Dir e fir allemol ausschléisse wëllt: Well nom Heino steet en do op dënnem Äis.