De richtegen Timing

Heiansdo brécht ee sech jo richteg d'Auer fir sech mat Zäit fir alles organiséiert ze kréien. A wann d'Auer da gebrach ass, ass d'Zäitgefill wuel definitiv flöten, well wéi soll een da nach wësse wat déi Auer geschloen huet.
Tjo, selwer Schold, wann ee säin Timing net am Grëff huet. Mä ass den Eenzelen och ëmmer responsabel fir all déi falsch Momenter op de falsche Plazen?
Gutt a virbildlech ass et sécher, wann een op Eegeninitiativ hin a fräi vun all Drock de richtege Moment decidéiert. De richtege Moment fir opzehalen zum Beispill. Wien seet sech dat net: ech wëll selwer decidéieren, wéini et duer geet! Ech wëll net, datt anerer mer dat musse quasi opdrängen, just well ech vläicht net gemierkt hunn, datt et Zäit gëtt.
Gutt den Normalstierflechen ass nëmme bedéngt responsabel fir den Zäitpunkt, wou en DIERF a Pensioun goen! Anescht ass et, wann e KANN a Pensioun goen, ideal souguer wann een dann och WËLL. Ma schlëmm gëtt et, wann ee MUSS a Pensioun goen.
Jo, et geet duer, ech wëll ophalen! Dat soten op alle Fall an de leschte Wochen zwou Perséinlechkeeten, déi ganz realistesch decidéiert hunn hiert Amt ofzeginn, och wann nach keen dat vun hinne verlaangt hat. D'Kinnigin Beatrix an de Poopst Benoît XVI hu fir sech déi scho bal idealistesch Situatioun gewielt, selwer ze bestëmmen, wéini et duergeet.
Chapeau kann een do nëmme soen an dee Respekt kréien se dann och op der ganzer Welt entgéint bruecht. Eng mënschlech Qualitéit oder awer e Genie-Streech vu gudde Manager? Méiglecherweis hu se béides bewisen.
Dobäi kann ee soen, datt 75 respektiv 85, och en Alter ass, an deem een esou Decisiounen absolut novollzéie kann.
Mä wéi ass et da mat 25? Nee, hie wëll net méi Fussball spillen, schreift den amerikanesche Fussballspiller Robbie Rogers op senger Homepage an an engems out hien sech als Homosexuellen.
Ob säin Timing a seng Decisioun awer sou ganz fräiwëlleg sinn, dorunner däerf ee wuel zweiwelen. Trotzdem och Respekt dofir!