Den Giuseppe Gulotta

© foto: picture alliance
Kennt Dir den Giuseppe Gulotta? Seng Geschicht huet och de Gibbes Bertolo net kal gelooss...
Den Giuseppe Gulotta ass e fräie Mann. Awer nach net esou ganz laang. E souz ëmmerhin 21 Joer, 2 Méint, 15 Deeg a 7 Stonnen am Prisong. Onschëlleg, wéi sech am Endeffekt erausgestallt huet.
Säi Fall geet zeréck an d'Joer 1976. Dir erlaabt, datt ech d'Affär op dëser Plaz net ganz am Detail erëmginn, mä graff resuméieren: Zu Alcamo Marina, dat ass am Nord-Weste vu Sizilien, iwwerfalen Onbekannter eng Carabinieri-Statioun an erschéissen 2 Polizisten. Deen deemools 18 Joer alen Giuseppe Gulotta an 3 weider jonk Männer gi verhaft an ugeklot. De Gulotta gëtt um Policebüro esou brutaliséiert a mësshandelt, datt en a senger Verzweiwlung an ënner enormen Drock d'Dot zougëtt. Den Dag drop huet en zwar nees alles widderruff, mä d'Kand louch schonn am Pëtz. Et koum zum Prozess an de Gulotta krut liewenslänglech. Dat war 1990. De Gulotta war d'Affer gi vun engem Komplott tëscht Mafia a Politik, esou gëtt mol spekuléiert. De Crime soll souguer bis an NATO-Kreesser erareechen, op alle Fall hat eisen Giuseppe definitif näischt domadder ze dinn. 2007 dunn krut wuel ee vun de Polizisten, déi en deemools verhéiert a geschloen haten, Gewëssenskonflikter. De Fall gouf nei opgerufft, koum a Revisioun a virun engem knappe Joer gouf den Giuseppe Gulotta fräigesprach.
De Mann fuerdert elo via Affekot vu sengem Land 69 Milliounen Euro Schuedenersaz. Dat huet fir Opmierksamkeet an de Medie gesuergt, de Gulotta ass nees "à la une", d'Welt entdeckt seng Geschicht an ass perplex. Mir ass et och esou gaangen. An och a mengem Kapp ass d'Fro ronderëm gegeeschtert: Wéi haart muss dat sinn, zwee Drëttel vu sengem Liewen ouni Schold hannert Prisongsmauere mussen ze verbréngen? Den Giuseppe Gulotta sot, et hätten zwou Saachen em Kraaft ginn: Seng Famill, vrun allem säin deemools 2 Joer ale Bouf an déi absolut Gewëssheet net schëlleg ze sinn.
Ech weess, d'Welt muss a wäert och virun dréinen, mä vläicht léisst eis de Gedanken un déi Story mol nees duerchootmen a méi kleng Bréidercher baken. An da stelle mer eis d'Fro, ob et wierklech wichteg ass, datt den Andy den Tour matfiert, d'Europawale verluecht ginn, de Mupp mat an de Restaurant dierf oder dem Noper seng Heck e puer Zentimeter ze héich ass.
Fir den Giuseppe Gulotta gouf et also en "happy end", wann och spéit. E konnt endlech seng Frëndin bestueden, gëtt wuel deemnächst Grousspapp a géing gären New York gesinn. Dat Gléck kënnen dann och keng Euromilliounen ersetzen ...