An d'eegent Fleesch schneiden

Nee, et gëtt een net krank, wann een e Stéck Päerdsfleesch ësst!
Jo, Kéi a Källefcher sinn och léif Déieren. Wann ech an ale Fotoalbume kucken, ginn et vill där Biller, op deenen ech als klengt Meedchen Hénger um Aarm hat - well ech gehollef hunn, se ze fidderen an se iergendwéi witzeg fonnt hunn. An trotzdem hunn ech Poulet giess - bei de Kanéngercher war et e bëssi méi schwéier, well déi sou muusseg waren an d'Fleesch mer och wierklech net ganz sou gutt geschmaacht huet.
Jo, ech iessen och haut nach Fleesch, si kee Vegetarier!
An awer hunn ech mäi Fleeschkonsum reduzéiert, mol net aus der Iwwerleeung, datt een Déieren net iesse kann oder duerf. Mä eenzeg an eleng aus der Iwwerzeegung, datt een Déieren net quäle soll an an Transporter duerch d'hallef Welt kutschéiert, fir datt d'Schwéngchen aus Dänemark och wierklech seng Ham an Italien gedréchent kritt an datt se dann a feinen Tranchen zu Lëtzebuerg als Spezialitéit verkaaft ka ginn.
En plus huet d'Schwéngefleesch och nach e schlechte Ruff: ze fetteg! Just d'Hamen, déi frupse mer mat Genoss an de Speck och fir op d'Zalot oder an d'Quiche oder wou och ëmmer dran ze mëschen, ouni nozedenken, wat dann awer mam Rescht vum Déier sengem Fleesch geschitt, dat mir jo guer net gär hunn.
D'Opreegung iwwer de Päerdsfleeschskandal ass grouss an en ass och ze verstoen. Mir ginn als Konsument bedrunn a kréien net dat op den Teller, wat um Pak drop steet. E bëssi Eegeschold hu mer awer sécher alleguer. Musse mer dann all Dag Fleesch um Dësch hunn, wann es soss net genuch do ass?
Mä net nëmme beim Fleesch kann een eng Gretchen-Fro stellen. Och beim Geméis oder Uebst! Muss ech am November Spargelen hunn oder Äerdbier am Februar?
Nee, muss ech net, well ganz niewebäi huelen ech mer och nach selwer eng Freed. D'Virfreed op d'Saison vun dësen Delikatessen!
An eigentlech sinn se och nëmmen Delikatessen, well se just zu enger bestëmmter Zäit oder nëmmen heiansdo op den Teller kommen!
Beim Fleesch muss dat net anescht sinn!