D'Fuesend ass nach net eriwwer. Dat mierkt een un deene ville Clownen, déi nach doruechter ënnerwee sinn.

Deemools, am Oktober 1980, huet hallef Europa de Kapp gerëselt an e spatze Mëndche gemaach. U sech war et jo nëmme fir sech an d'Fauscht ze laachen. Do hat dach net de franséische Komiker Coluche deen onerhéierte Culot, seng Kandidatur fir d'Présidentiellen anzereechen. Eescht huet keen dat Ganzt geholl, bis Ëmfroen dem Acteur iwwer 15% Zoustëmmung konfirméiert hunn. Du wor d'Spaassgesellschaft eriwwer. De Coluche krut vu lénks a riets enormen Drock gemaach, gouf souguer mam Dout menacéiert an huet schlussendlech seng Kandidatur am Mäerz 1981 zeréckgezunn. E batter-séissen Intermezzo, wann een sou wëll.

An Italien si mer mëttlerweil eng Etapp méi wäit. Do sëtze Komiker ewell fest am Suedel. An ee grinst méi breed ewéi deen aneren. Deen aarme Bersami ... e kann zwar am Prinzip neie Ministerpresident ginn, et geet awer elo scho Rieds vun engem Land, dat (schonn nees eng Kéier) quasi net ze regéieren ass a vun eventuellen Neiwahlen. "Confusione, Frustrazione" ! An de Beppe ass happy, bal all 4. Italiener huet dem Humorist Beppe Grillo sengem Protestmouvement "cinque stelle" d'Vertraue geschenkt. Datt dee gutt laachen huet läit op der Hand, a wann et nëmmen ass fir all déi aner un d'Verzweiwelen ze bréngen.

A jo, an da wier do nach deen anere komesche Kauz, deen anscheinend kee méi wëll. Ganz Europa huet opgeotemt, wéi en am November 2011 zeréckgetratt ass. A ganz Europa huet den Otem ugehalen, wéi d'Italiener leschte Weekend an de Wahlbüro gepilgert sinn. All Hoffen a Biede war ëmsoss - de Silvio léisst einfach net lass. De Milliardär mam Faibel fir Football, labber Partien a verbal Entgleisungen huet zwar déi eenzel politesch Campen dozou opgeruff zesummenzeschaffe, mä sou ganz eescht wëll wuel keen dem Här Berlusconi seng nobel a fromm Aussoen huelen.

Dobäi hätt dach dem Poopst seng Decisioun, sech aus em "daily business" zeréck ze zéien, de Silvio op wonnersam Manéier kéinten inspiréieren. Egozentriker loossen sech awer nun mol vu kengem eppes soen an domat "basta" !

Italien muss also elo mol bis op Weideres mat zwee Clownen eenz ginn. De Coluche krut sengerzäit nach mat Zäiten op d'Brems getrëppelt, wann och onfräiwëlleg. Mä e gudde Clown spiert, wann et net méi witzeg ass ...

RTL
Apropos: Quo Vadis ?