Bommestëmmung am Wanter

Apropos Wanter! An der Wiederkichen ass et wéi am richtege Liewen: et gëtt haaptsächlech mat Waasser gekacht, Fernand Mathes
Zu Lëtzebuerg ass Bommestëmmung a mir hunn emol nach net Halleffaaschten.... Abee déi Stëmmung spillt och net an all Beräich, well seele wor déi allgemeng gro lëtzebuerger Laun méi gro wéi dëse Wanter. Wann der et nach net sollt gemierkt hunn, iwwerall gëtt gejéimert a kregéilt et géing elo duer mat Schnéi a Keelt. Kee wëll sech méi dermadder offannen, datt mer nun emol an enger Klimazon liewe, wou et e Wanter gouf, gëtt an och weider wäert ginn an dee kann ee weder um „Fatzebuch“ ewech bloggen a scho guer net bäi der Däiwel googelen.
Mir mussen nun emol dermat liewen, och wann dëst Joer schonn eise 5. Olivebeemchen de Geescht opginn huet, well mer gegleeft haten, dank Klimawandel, kéinte mer eis d'Mëttelmier op de Balcon zauberen. Do hate mer d' Rechnung ouni de Wiert gemaach, dee Wiert ass nun och emol de Chef an der Wiederkichen an un dem senger Menüskaart huet scho munchereen sech d Zänn ausgebass, esou gutt d'Klimatologen, wéi d'Meteorologen, d'Wiederhexen oder d'Besserwësser.A wat huet dat mat der Bommestëmmung am Land ze dinn?
Ähnlech wéi an der Wieder- a Klimafuerschung, wou jo iwwer Joerzéngte fläisseg Fakten a Wäerter gesammelt goufen a ginn, fir dorausser Schlëss ze zéien oder Prognosen ze maache, wäert et wuel och am Joerhonnertprozess "Made in Luxembourg" goen. Et huet ee sech gutt Zäit gelooss fir villes ze sammelen, ze vertässelen an auszewäerten, ma um Enn geet et wéi beim Wieder.... vläit e Liichtbléck, dann nees Frascht oder op d'mannst eng kal Dusch!
Grad wéi bei der Meteo, wëll ech déi Prognos net woen.
Ma een Ënnerscheed gëtt et dach, mam Wanter gëtt geschwënn kuerze Prozess gemaach, den anere risquéiert méi laang ze ginn, bis op d'mannst an de Mee eran..........
Et ass eben net ëmmer Mee Théo!