Krank!

Mam Ufank vum Fréijoer kënnt endlech rëm déi Zäit wou een drun denke kann, an den Theater oder an d'Philharmonie ze goen. Am Wanter mécht dat keng Freed, well een tëscht deem ganze Gehouschtes a Geschnuddels am Public kaum nach héiert, wat op der Bühn leeft.
Mech hat ech och erwëscht, net d'Gripp, mä déi traditionell Erkältung, an och déi geet duer, fir een 3 Deeg am Bett ze halen, an dat zimlech onofhängeg dovunner, op een d'Apdikt eidel keeft oder net. Et ass schonn erstaunlech: eis modern Medezin kann Häerzer verplanzen, Kriibs heelen, géint Hepatite impfen, d'Gehir duerchliichten, ... just där aarmséileger Erkältung schéngt se einfach net gewuess ze sinn.
Trotz allem zécke vill Leit net, soubal et am Hals kraazt, bei den Dokter ze goen, fir sech Antibiotike verschreiwen ze loossen, déi zwar géint d'Erkältung näischt nëtzen, dofir awer bestëmmt géing eng vun deene villen anere Kränkten, déi ee sech an engem iwwerfëllte Wartesall opfänke kann. De Schued fir d'Wirtschaft duerch all déi Krank, déi net schaffe kënnen, geet an d'Milliounen, ausser natierlech fir d'Dokteren an d'Apdikter. Fir déi muss eng Erkältungswell eppes sinn ewéi an anere Branchen d'Solden oder den Autofestival: déi Zäit vum Joer, wou et sou richteg an der Keess rabbelt.
All Joer kommen dann och nei Produiten op de Maart, genee sou wéineg efficace wéi déi vum Joer virdrun, fir géint den Halswéi unzegoen, géint de Schnapp, an natierlech géint d'Féiwer. An do versteet een dann, dass där ganzer Branche eigentlech näischt Schlëmmeres kéint geschéie wéi eng efficace Impfung géint d'Erkältung.
Et ass vill méi witzeg de Leit 3 mol d'Joer ee Sack voller Pëllercher, Polferen a Siropen ze verkafen, wéi just all puer Joer eng kleng Sprëtz.
Anescht wéi bei aner Kränkte sti bei enger Erkältung wéinstens keng Liewen um Spill, och wa munchereen sech dobäi fillt, wéi wann en all Moment stierwe géif. Vläicht ass grad dat de Sënn vun der Erkältung: eng Erënnerung dorunner, dass et mat eisem Fortschrëtt guer net sou wäit hier ass, wéi mer alt mol gär mengen.