Et ass décken Trara, wa se kommen. Iwwerall bleiwen d'Leit stoen, kucken no, applaudéieren an zielen et séier weider: "Ech hunn se gesinn." Muncheree gëtt zum Paparazzo, kritt de Fotoapparat net séier genuch erbäi, fir dat bescht Bild ze kréien, wann och vu wäit ewech, well sou richteg no kënnt een net un se erun.

Da gëtt gesimst, gemailt an ugeruff. Et ass einfach spektakulär, wann een hinnen nokucke kann. A sou e bëssi Staralluren hu se schonn, si sech bewosst, datt wa si komme mat Momenter all Beschäftegung onwichteg ass. Automobiliste bleiwen halen, Foussgänger kréien den Hals net laang genuch, aner Aktivitéite geroden op eemol an den Hannergrond, Gespréicher ginn ënnerbrach, verléifte Koppele vergiesse fir ee Moment, sech ze kussen, de Fussball-Match um Terrain riskéiert, kee méi z'intresséieren, an d'Spiller musse sech zesummenhuelen, fir net och einfach de Ball leien ze loossen an de Spektakel nozekucken. Oder d'Coureuren um Vëlo an der Course tëscht Paräis an Nice.

Et ass awer och schwéier, deen Trouble z'iwwersinn oder z'iwwerhéieren. Et ass quasi eng richteg Fanfare, mat där se ugekënnegt ginn - oder besser: sech selwer ukënnegen. An hiren Optrëtt gesäit aus wéi den Amarsch vun den Athleten an de Stadion bei Olympesche Spiller.

An dach geet et ëm keng sportlech Manifestatioun, ëm keng Kavalkad voller faarweger Ween, ëm keen Defilé op engem rouden Teppech oder dem onerwaarten Optauche vun engem Pop-Star an der Ëffentlechkeet.

Nee, et geet ëm e Phänomen, deen zweemol d'Joer iwwer eist Land zitt a mat sech bréngt, datt d'halleft Land begeeschtert ass – op d'mannst dat halleft. Et ginn der awer och, déi dat als langweilegen Zirkus gesinn an de Kapp rëselen, wann um Radio gemellt gëtt an um Internet gewise gëtt: D'Hoergäns kommen! Wéi eng EINS zéien se iwwert eist Land, vum Süden an den Norden an am Hierscht ëmgedréint, well mer sou no bei hirer Raschtplaz um Lac du Der an der Champagne leien.

Ëmmerhi kënnegen déi kräfteg Borschten, déi de Schniewel sou wäit oprappen, den Ament d'Fréijoer un.

Op d'mannst ass dat méi e wäertvolle Message, wéi deen, deen ee soss dacks bei sougenannte Staroptrëtter kritt.