Kinosgeschichten

Kënnt Dir Iech nach un deen éischte Film erënneren, deen der an de Kino kucke waart? De Gibbes Bertolo erënnert sech gären ...
Et war d'Schnéiwittchen an déi 7 Zwergen, mäi grouss Brudder hat mech deemools mat an de Marivaux geholl. An déi éischte Kéier, wou ech ganz alleng am groussen däischtere Sall soutz, war 1978, zu Diddeleng am Lutetia, bei "Star Wars". "Starlight" heescht iwwregens haut de Kino an der Forge du Sud, wou et jo sengerzäit mol eng Kéier 3 Säll gouf. Klamer zou. Fir d'lescht war ech virun 3 Wochen am Zinema. Ech weess mol net méi, wéi de Film geheescht huet, et spillt och keng Roll. Ech weess awer nach, datt ech u fréier hu missen denken, wou no de Reklammen de Mann oder d'Fra mat de Glacen opgedaucht ass. E Frisko, e Cornet oder d'Këscht mat de Pralinéen. An da gouf sech geflass, fir jo mat Zäiten déi äiskal Schneekegkeet dobannen ze hunn a sech voll a ganz op de Film kënnen ze konzentréieren.
Keng Ahnung, ob haut iwwerhaapt nach Glacë virum groussen Ecran geleckt ginn. Mir leien op alle Fall aner kulinaresch Niewegeräischer am Ouer. Popcorngeknätschs, Nachosgekrups oder Colageschlupps. Iwwer d'Längt vum ganze Film verdeelt. Grousse Kino. An et ass wéi ëmmer: et ginn där, déi et méi diskret halen an et ginn där anerer. Déi, déi och den Handy net brauchen auszeschalten, déi d'Nues ëmmer nees eropzéien an déi permanent mat hirem Sëtznoper pësperen an diedegen. Heiansdo kommen ech mer vir ewéi an enger Kantin oder an enger Lounge. An da geet meng Laun schlagaarteg an de Keller. Sinn ech ieren am falsche Film?
Also ech wäert och an Zukunft nach an de Kino goen, mir hu flott Säll an et lafe vill gutt Filmer. Keng Ursaach also, fir ze motzen. Wann et da muss sinn gëtt eben déi eng oder aner Kéier op d'Zänn gebass. Ech gi mol dovunner aus, datt et, wéi sou dacks an ëmmer méi, mam Alter ze dinn huet. An deene Momenter gëtt een eben nostalgesch, ob ee wëll oder net. Apropos: wann der d'Geleeënheet hutt, da bliedert mol am Paul Lesch sengem neie Buch iwwert déi Stader Kinoen. Do kommen Erënnerungen op ...