Dat mam Vergiessen ass sou eng Saach! An een dee sech ëmmer dofir agesat huet dat näischt vergiess soll ginn huet eis d'lescht Woch verlooss: den Stéphane Hessel - deene meeschte bekannt duerch säi Spéitwierk: „Indignez-vous“.

Als jonke Resistenzler iwwerlieft den Hessel d'Konzentratiounslager a bleift och nom Krich a KZ der déiwer Iwwerzeegung eng Responsabilitéit géigeniwwer deenen ze hunn déi net iwwerlieft hunn. Enger Flicht där e fir d'éischt zu New York bei der UNO nokënnt an esou, wann och net Auteur, op d'mannst Zeie vun der Ausschaffung vun den allgemenge Mënscherechter gëtt. E Liewe laang sollt den Hessel sech an den Déngscht vun dëser Charta setzen a gouf es ni midd d'Mënscherechter ëmmer erëm ze verteidegen.

Och an der Pensioun huet den Hessel net opgehal géint Ongläichheeten an Ongerechtegkeeten ze protestéieren, huet awer och festgestallt dat d'Indifferenz an eisen Demokratien zouhëlt. En 'Onbehagen' wat en 2010 am Alter vun 92 Joer dozou bréngt eng klengt Schrëft ze verfaassen, fir u Wäerter vun der Resistenz z'erënneren. An nëmmen 32 Säiten, déi alleng a Frankräich méi wéi 1 Millioun Lieser fannen, fuerdert en d'Leit mat sengem „Indignez-vous“ op, sech net alles gefalen ze loossen. D'Verantwortung ass eng aner: de Plaidoyer riicht sech un d'Nokomme vun deenen déi de Krich iwwerlieft hunn, fir eng nei Widderstandskultur am Esprit vun der 'Résistance' ze woen.

An Apropos vergiessen: wéi wichteg et ass deem entgéint ze wierke weist och eis Joerhonnertaffäre heiheem: den Fait dat souvill Beweismaterial, sief et Rapporten, Temoignagen oder soss Piècen, einfach verschwonnen oder zerstéiert goufen, weist dat et ëmmer erëm Situatioune ginn, wou Mënsche wéi Institutioune fräiwëlleg a systematesch bereet si vill Energie a Ressourcen an en aktiivt Vergiessen investéieren.

An deem Sënn hoffen ech dat sech ëmmer erëm Mënsche wéi e Stéphane Hessel fannen, déi net nëmmen d'Kraaft an d'Ausdauer, mä och déi néideg intellektuell Sprëtzegkeet hunn, fir géint sou mënscherechtsfeindlech Aktiounen ze protestéieren – an dat mat Erfolleg.