Pickeg Pulloveren

Krimie liesen a Krimie kucken ass eng Passioun. Et geet awer net ëm den neien Tatort, de Schweiger-Fall ass haut e Schweige-Fall fir d'Christiane Kremer.
Neen, ech komme léiwer op eng aner Serie ze schwätzen, déi e Sonndeg och op der däitscher Tëlee hir lescht Episod hat, no 3 Staffelen. Sou huet et den Auteur vun dëser Serie decidéiert: Den Dän Sören Sveistrup fënnt, datt domatter alles gesot a gespillt ass. 3 goufen et der am Ganzen. Jidderee gouf iwwer 20 Episoden erzielt, am Original heeschen se all iwwersat "D'Verbriechen".
Kriminalfäll, déi iergendwou spannend an däischter waren an ëmmer och nach eng politesch Komponent haten. Mä dat ass et net, wat mech deet, haut doriwwer ze schwätzen. Et ass den Haaptpersonnage vum Film: eng Fra, d'Kommissarin Lund - mam Virnumm Sarah, obwuel dee seele genuch gesot gëtt.
Eng Fra, vun där ee weess, mat wéi enger Intensitéit, mat wéi engem Asaz, mat wéi enger Besiessheet se dës Fäll léisst, wéi se sech op d'Sich no Opléisung a Gerechtegkeet mécht, ouni Angscht derfir unzeecken, sech onbeléift ze maachen, ze nerven a vrun allem alles anescht ze vergiessen. Och hiert Privatliewen, och hire Frënd, och hire Fils, och hir eege Liewenshygiène.
Et ass eng Fra, an déi een net eragesäit, déi hir Gefiller grad emol an den hellen Aen dréit, déi efficace ass an awer keng Iwwerfra, keng, déi alles am Grëff huet, keng Heldin, déi sech bretzt alles ënnert en Hutt ze kréien, déi Succès huet an och nach attraktiv optrëtt. D'Sarah Lund huet just Jeans un a gestréckte Wollpullovere mat verschiddene Musteren. Där, bei deenen ech d'Impressioun hunn, si géinge mech op der Haut bäissen, just nëmme beim Nokucken.

Mä vläicht ass dat mat de Succès vum Konzept, grad wéi och déi ganz suggestiv Musek, déi een ëmmer weiderdreift.
D'Actrice Sofie Grabol huet iwwregens während den Dréiaarbechten och bis bal zum Schluss net gewosst, wien um Enn den Täter war. Vläicht huet dat hiert introvertéiert Spill nach méi intensiv gemaach.
An Dänemark goufen et fir dës Fäll Aschaltquoten vu 70 bis 80%, an England ass d'Euphorie riseg, obwuel d'Serie original op Dänesch mat Ënnertitele leeft. An d'USA dréinen hir eege Versioun no! Wéi sou dacks, Synchronisatiounen an Ënnertitele ginn eben net, mä op d'mannst huet d'Sofie Gabrol eng kleng Nieweroll kritt.
Mir wäert déi clever, reservéiert Polizistin feelen, net nëmme mir, ech kennen eng Parti Kollegen - och hei -, déi begeeschtert sinn.
Och wann ech menger Haut dofir déi Wollpulloveren net undinn, allerdéngs sinn déi entretemps e Verkafshit!