D’lescht Woch hunn d’Schwäizer per Referendum Limitatioune fir Manager-Paie festgehal. Och d’EU-Kommissioun bastelt un ähnleche Mesuren. Heizou e puer Iwwerleeunge vum Bob Kieffer.

De beschtbezueltene Manager an Europa, de Chef vu Volkswon, Martin Winterkorn, huet 2012 Joer 14,5 Milliounen Euro verdéngt. Dat wär souguer an ale Frangen nach vill Geld. Domadder kéint een zum Beispill e puer Honnert Meter Nordstrooss finanzéieren.

De Problem ass awer een aneren: Am präzise Fall verdéngt de Chef 14,4 Millioune méi wéi déi meescht vu senge Mataarbechter. Ass dat normal? Schafft deen 150 mol méi wéi déi aner, oder ass all Stonn vun him einfach souvill méi wäert? Wär dee Fluuss net besser ënnert senge Mataarbechter opgedeelt? 100.000 ginn et där. Wann de Chef eng sozial méi acceptabel Pei hätt, soe mer 500.000 Euro d’Joer, och domatter wär en ëmmer nach net op déi nächst Indextranche ugewisen, da kéint all Mataarbechter 140 Euro d’Joer, oder eppes iwwer 11 Euro de Mount bäikréien. Ee grousse Fortschrëtt.

A kucke mer d’Saach emol aus der Siicht vum Client. 9 Milliounen Autoen huet VW 2012 ausgeliwwert. Wann den Här Winterkorn 14 Millioune manner verdénge géif, kéint all Auto annerhallwen Euro méi bëlleg ginn a wär domatter endlech och fir déi Leit ze bezuelen, déi finanziell manner gutt dru sinn.

Resumé: Deem Mann mat de breede Schëlleren seng Pei kierze bréngt weder senge Mataarbechter, nach senge Clienten eppes. Ausserdeem ginn et bei wäitem net sou vill där Spëtzeverdénger, wéi ee mat där aktueller Diskussioun menge kéint. Trotzdem wär et eng Mesure, déi breet Zoustëmmung fanne géif.

D'Fransousen zum Beispill géife gär bal 75% vu sou enger Winterkorn-Pai ënnert der Form vu Steieren direkt an d’Staatskeess beamen. Wa schonn déi Aarm net méi räich ginn, solle wéinstens déi Räich endlech mol rëm e bësse méi aarm ginn. Ze vill grouss Ënnerscheeder si Gëft fir de soziale Fridden. Souguer d’Schwäizer, traditionell net grad Kommunisten, si mëttlerweil där Meenung, an hu per Referendum dëse Mount d’Managerpaie limitéiert. Fussballspiller, Schauspiller, Sänger a Gansta-Rapper par konter däerfen och weiderhin ongestrooft Millioune verdéngen.

An da soll mol een de Kanner erklären, dass se besser hunn, an der Schoul opzepassen a studéieren ze goen, ewéi vu Casting Shows ze dreemen...