Pi mol Daum

Haut ass de Pi-Dag, en inoffizielle Feierdag zu Éiere vun der Kreeszuel Pi. Dem Gibbes Bertolo seng Gedanke kreesen dann och ronderëm dës mathematesch Konstant ...
Virop kuerz nach eng Kéier d'Erklärung: den Datum vun haut, also de 14.3. schreiwen d'Amerikaner jo deen ëmgekéierte Wee: 3/14 - domadder ass d'Saach also kloer: 3,14 ass déi ofgespeckt Versioun vun der Zuel Pi. Tja, elo kommen d'Souveniren nees aus de verstëbste Gehierzellen erausgekrabbelt. Wéi war dat scho méi mat där Zuel Pi? D'Relatioun vum Ëmfang vun engem Krees zu sengem Duerchmiesser, egal wéi grouss oder kleng de Krees ass. A Pi ass eng irrational Zuel, déi ni komplett kann duergestallt ginn. Dir wësst schonn ... 3,1415926 asw. ... Zwee gescheit Käpp hunn zejoert mat Hëllef vun engem wuel nach méi gescheite Computer 6 Méint gebraucht, fir d'Zuel Pi op den neiste Stand ze bréngen an zwar op ronn 10 Billioune Stellen hannert dem Komma.
Eng onendlech Affär. Erënnert mech iergendwéi un en anere Fall, wou zanter Joere schonn zwee clever Journalisten an den Ament zwee gewieften Affekote probéieren eng gefillten 10 Billioune Puzzelstécker hannert dem Komma beieneen ze kréien, fir d'Saach op de Punkt ze bréngen. An d'Gefill, datt mer eis permanent am Krees dréinen, gi mer wuel sou bal nach net lass.
Ech muss anengems och un deen aarme Sisyphus denken, deen trauregen Held aus der griichescher Mythologie, dee jo vum Zeus op all Éiwegkeet dozou verdaamt gouf, ëmmer erëm e Fielsblock de Bierg erop ze schleefen, fir en dann uewen nees mussen erofrullen ze loossen.
Vläicht weisen d'Götter sech um Helleg-Geescht-Plateau a noer Zukunft vun hirer gnädeger Säit a sprengen dee Steen, dee sengerzäit un d'Rulle bruecht gouf. En attendant befaasse mer eis mat weidere Pi-kanten Detailer awer och Pi-Nuts. Haaptsaach: déi "neverending story" kritt enges Daags een "Hap-Pi End" ...
