Alles kuckt op Roum, gespaant op den Damp, ma de wäissen Damp vu Lëtzebuerg, den huet et a sech ...

An da gëtt et der déi behaapten, et géif eis schlecht goen!
Dat ass ower e bësse staarken Tubak, zemol elo, wou d'Fransousen an Zukunft däers nach méi aus dem Groodüschi däerfe mat Heem huelen. Méi wéi 5 Staangen Zigaretten op de Kapp. Den europäesche Geriichtshaff hat decidéiert, datt eis franséisch Noperen déi Restriktioun, datt ee maximal 5 Cartouchen Zigaretten dierft bäi sech hunn, am fräien europäesche Wuereverkéier net méi dierfen applizéieren.
An den nächsten Deeg, wäert dann elo eng Circulaire erausgoen, datt d'Douanieren, wa se iwwerhaapt Kontrolle maachen, dës Regelen méi pragmatesch sollen ugoen, wëll soen; den Douanier muss aschätzen op dee gudde Mann oder déi gutt Fra déi 20 (oder méi) Staangen Zigaretten selwer flutschen, ier se verdréchent sinn, oder op se Wëlles hunn domadder ee klenge Business ze maachen. Vläicht geet och duer, wa se klengen “serment fumé” ofleeën....

Bal ¾ vum Tubak, deen zu Lëtzebuerg kaf gëtt an dann iwwer d'Grenz geet, kënnt vun den Bensinsstatiounen; ma et gëtt sech elo  keen all ze grousse Boom erwaart mat dësem neie Reglement, ausser wann d' Leit sech vun nach méi wäit deplacéieren fir am lëtzebuergeschen Tubaksparadies ze shoppen.

Wat dee wäissen Damp ower alles ausmécht... dat ass elo kéng Kardinolfroo, ma ganz kloer eng no der Mënz; 2011 ëmmerhin Recetten vu ronn 400 Milliounen €... jo et fluppt mam Geflutschs.

Ma esou si mer, heiheem schloe mer eis d' Käpp weider an wéinst dem Antitubaksgesetz, ower mir si scho frou wa weider fläisseg geraacht gëtt, fir de Wuel vum Land versteet sech, mir selwer dämpen net, oder bal net, tëscht 85 an 90% vum Tubak den hei verkaf gëtt, geet an d' Ausland! Mir kucke Kamäin, schreiwe muenches an d'Haascht... ma mir loosse fëmmen!