Wien dëst Joer op de Festival des Migrations, des Cultures et de la Citoyenneté goung, gouf schonn an der Entrée vun enger Firma empfaang, déi hiert Geld domadder verdéngt anere Leit hiert Geld ronderëm d'Welt ze schécken. Auswanderer benotzen sou eppes gär, fir hir Famill an der Heemecht mat Cash ze ënnerstëtzen. Fir de Fall, wou se eng richteg Bank brauche géifen hat där eng ee Stand eng Hal weider, an huet do interessanterweis … Kaffi zerwéiert.

Iwwerhaapt, zerwéiert gouf genuch op deem Festival, deen eigentlech och Foire de la Cuisine exotique heesche kéint. Sécher, et ginn och vill Stänn mat Bicher an allméigleche Sproochen, an anerer, déi Klimpi verkaf hunn, oder mech carrément convertéiere wollten, mä ech hat net den Androck, dass déi de Renner waren. Wat d'Leit méi interesséiert huet, waren déi Dosende Stänn op deene gekacht a gebracht gouf, natierlech alles streng a Conformitéit mat alle Virschrëfte vun der Santé, a garantéiert ouni Päerdsfleesch. Do hunn afrikanesch Associatioune Bananne frittéiert, d'Tierke kreativerweis den Dönerspiiss dréie gelooss, d'Albaner hate gebak, d'Dänen hunn Hotdogs gemaach, d'Inder onerwaart Chicken Tikki Masala, an d'Brasilianer Caipirinha.

Just eng Iesskultur war éischter schlecht vertrueden : déi Lëtzebuergesch. Dobäi wär sou ee Festival dach eng gutt Geleeënheet, net nëmmen de Lëtzebuerger nei zougewandert Spezialitéiten ze presentéieren, mä och den demnächst excellent integréierten zukünftege Lëtzebuerger emol eng frësch Bouneschlupp schmaachen ze ginn. Wou zum Beispill Schwamabien (Schwarz Matbierger, fir mol Police Language ze benotzen) mat Iessen a Liewesfreed gepunkt hunn, war d'stacklëtzebuerger Participatioun éischter stacksteif, mat haaptsächlech Stänn vu Gewerkschaften, Parteien, Institutiounen an institutionnaliséierten Associatiounen. Dat huet vläicht vill mat Citoyennetéit ze dinn, mä bleift trotz deiere Brochuren ongeféier sou uspriechend wéi en verdréchent Stéck Brout.

De Kontrast tëscht deenen zwou Zorte Stänn hätt kaum kënne méi grouss sinn. Ma wahrscheinlech ass et grad dee Kontrast, dee weist, firwat mer eis Auslänner virun allem brauchen: fir e bësse Faarf an d'Spill ze bréngen!