Haut schonns geflucht?

D'Zännseef läit am Lavabo, an der Kaffismaschinn si keng Boune méi a vum Brout sinn just nach Grimmelen iwwreg. Fänkt den Dag sou un, da gëtt sech schonns moies fréi gären opgereegt. Kënnt dann um Wee op d'Aarbecht nach e Stau oder soss en ACL-Traffic-Info dertëscht, da gëtt dem Stress mol gäre mat engem "Krëtschëft namol" e bësse Loft gemaach oder och nach méi haart geflucht. Dat soll een zwar net – dat wësse mer och all – an nawell gehéiert dëse Sproochgebrauch méi zu eisem Alldag, wéi et eiser Kannerstuff gerecht gëtt.
Drop ugeschwat, wou een dat Gefluchs dann opgeraf huet, heescht et unisono ëmmer "sou schwätzen déi aner"! Sou hëlt d'Fluchen dann de Werdegang, deen et ëmmer schonns geholl huet: Doheem falen natierlech ni sou Wierder an d'Kanner kënnen dës Sprooch nëmmen dobaussen op der Gaass oder an de Schoul oprafen. Och ech hunn net schlecht gekuckt wéi um Dësch doheem a bemol mat "Nondikass namol" argumentéiert gouf, souzesoen 'ex nihilo', aus dem Näischt eraus, an dat mat knapps 3 Joer.
Am éischten erzéiereschen Äifer hunn och ech versicht ze erklären, datt een "Krëtschëft namol" sou net schwätzt an ugebueden, den "Nondikass" duerch en "Hackerstiwwel-Bullibräi" ze ersetzen. Mat Succès – awer nëmmen fir 2 Deeg, du koum d'Retourkutsch: No engem weideren Openthalt an enger vun eisen ëffentleche Bildungsinstitutioune krut ech erkläert: "Nondikass dierf een och soen, awer eréischt wann ee Grouss ass." Mat der Asiicht, datt de Laf vun der Welt net opzehalen ass an et just eng Fro vun der Zäit wäert sinn, bis all déi aner Spréch doheem opdauchen, hunn ech e klengen Trouscht doranner fonnt, datt d'Fluchen ëmmerhinn och kulturell an eiser Gesellschaft verankert ass.
Wien erënnert sech net um Louis de Funès seng klengbiergerlech choleresch Ufäll oder um Capitaine Haddock säin "Tonnerre de Brest", woubäi dëse Personnage aus dem Hergé sengem Tintin nieft dem Fluchen och nach mam Whisky geplot ass.
Net fir näischt sinn et och oft déi, wou am haartste blären, déi am meeschten Gehéier fannen oder d'Saach an d'Rei gemaach kréien, fir datt dann endlech Rou soll sinn – am ëffentleche sou gutt wéi am private Liewen!
Well wie kennt en net, de faméise Sproch: "Elo gëtt hei net méi geflucht – nom-di-tschö-namol!"