E Buch am Zuch

All Weeër féieren op Roum, besonnesch haut, obwuel ech guer net wollt haut iwwer Roum; de Vatikan oder den neie Poopst schwätzen. Och net iwwer säin Numm, dat iwwerloossen ech gär engem anere Kolleg op dëser Plaz an den nächsten Deeg.Et geet mer och net ëm de berühmte Saz: De Wee ass d'Zil vum chinesesche Philosoph Konfuzius. Nee d'Weeër, déi mech haut inspiréiere si ganz anerer. Vläicht sinn et och éischter Methoden, déi verschidde kënne sinn fir um Enn awer déi selwecht Finalitéit ze fannen. Keng Angscht, et gëtt elo net fatalistesch oder dramatesch, mä éischter lëschteg! Lescht Woch war ech mat Frënn ënnerwee, wuel vill zu Fouss, awer och vill mam Zuch. Dobäi goufen et vill an intressant Gespréicher an awer och där Momenter, an deenen een näischt wollt soen, well een och näischt brauch ze soe fir sech awer ze verstoen.
An da goufen et och déi Momenter am Zuch, an deene jidderee sech a seng Welt zeréckgezunn huet. Witzegerweis waren dat bei eis Bicher a jiddereen huet sech bei Krimien entspaant. Dat eenzegt wat sech ënnerscheed huet, war, nieft dem Titel vum Buch, och d'Verpackung vun der Geschicht. 3 Leit, 3 Bicher, 3 Methoden: fir präzis ze sinn: en E-Book, en Täschebuch an e Lauschterbuch.
Ech hu mer de Kopfhörer opgesat an engem Erzieler nogelauschtert, meng Nopesch huet d'E-Book aus der Valise gezunn a mäi Vis-à-Vis huet klassesch an engem Täschebuch gelies an eng Säit no där anerer ëmgebliedert.
En intressant Bild hunn ech mer geduecht: jidderee mécht dat selwecht, mä jidderee mécht et anescht.
A jiddereen hat bei senger Liesgewunnecht eng intressant Niewenerscheinung: ech konnt iwwer dem Lauschteren d'Landschaft dobausse genéissen, d'E-Book Lieserin hat de gréisste Choix vu Geschichten, ouni datt d'Valise ze schwéier war an de klasseschen Täschebuch-Lieser huet, wéi d'Buch ausgelies war, et am Zuch leie gelooss an der Hoffnung, et géif een et fannen, mathuelen, liesen a sech mellen. Iwwer Internet, well do war op engem spezielle Bicher-Forum am Virfeld ugekënnegt ginn, datt am Zuch vu Basel op Bréissel e Buch mat deem Titel géing hannerlooss ginn.
Lo soll nach ee soen; liese wier langweileg!
Hei geet et op de Site bookcrossing.com.