Apropoopst ...

F, wéi ... Fréijoer? Dat huet jo gëschter offiziell ugefaangen. A gëschter virun enger Woch huet d'Welt deen neie Poopst kennegeléiert. Och ee mat "F" ...

Eng Woch ass en also elo schonn déi nei Nummer 1 am Vatikan. Mir mussen eis nach un de Bëschof vu Roum winnen. De Jorge Mario Bergoglio. De Jesuit, de Latäinamerikaner. Eng Woch ass also vergaangen an ech sinn e bësschen enttäuscht. Ausser engem moeren optesche Verglach mam Alfred Biolek a mam Logo vun enger bayrescher Wäissbéiermark ass nach net terribel vill Originelles aus Comedy- a Karikaturkreeser opgedaucht. Genéisst deen neie Poopst iere Welpeschutz? Kaum. Vläicht huet e mat senger Bescheidenheet a vrun allem mat sengem ganz eegenen Humor deene meeschte Parodisten a Persifleuren de Wand aus de Seegele geholl ?
Bei sengem Virgänger waren se do awer vill méi äerdeg. Vum "Paparazzi" iwwert de "Ratzfatz" bis bei déi frappant Ähnlechkeet mam Imperator aus Star Wars ... Apropos Benedikt: Mir hei um Radio hunn de Joseph Ratzinger bal ëmmer Benoît genannt. Dann ass et jo net onlogesch, datt mer aus dem Franziskus elo de François maachen. Eng Saach vu sproochlecher Virléift, wann een sou wëll. Franziskus, François, den Englänner seet Francis, den Italiener Francesco, de Spuenier Francisco, a Polen ass et de Franciszek oder a Kroatien de Franjo. Méi wäit soll déi onomatologesch Opzielung dann och net goen. Haaptsaach, jidderee kritt mat wie gemengt ass, wa vun em Rieds geet. Ob dann deemnächst wuel och vum Poopst Fränz op dëser Antenn geschwat gëtt? Wuel kaum, et wier allerdéngs net aus der Loft gegraff.
Deen neie Pontifex huet sech op alle Fall kee komplizéierten Numm erausgewielt. Mat Franziskus, François oder Fränz ka jidderee vun eis eppes ufänken, esou ee gëtt et an all Famill, resp. all Frëndeskrees. Wann een do u Poopstnimm aus der Vergaangenheet denkt: Evaritus, Paschalis, Sabinianus, Lando, Telesphorus, Konon oder Zosimus ... Jee, alles zu senger Zäit.
Wee weess? Vläit kréie mer an e puer honnert Joer e Poopst Kevin oder e Poopst Bryan ? Eventuell och Deborah oder Kimberly - net auszedenken ...
