Google Glass

Et wonnert mech, dass mer nach kee Gesetz hunn, dat et verbitt, gläichzäiteg ze goen, an SMSen ze schreiwen. Dag fir Dag geschéie schlëmm Accidenter, well Leit beim Trëppelen net virun sech, mä op den Ecran vun hirem Telefon kucken, an dobäi mat aner Leit zesummeknuppen, an Luuchtepottoe rennen, oder Trapen erof falen.
Google well dee Problem léisen, mat engem Brëll, deen all Fonctioune vun engem Smartphone direkt integréiert huet. D'Texter an d'Biller schwiewen da quasi duerch d'Bléckfeld vun deem, deen de Brëll unhuet. Millioune Genécker wäerte Merci soen. An net nëmmen déi.
Endlech muss een net méi den Handy astiechen, fir op der Toilette Angry Birds ze spillen, déi huet een an Zukunft direkt am Brëll mat dran. Et muss een dee Moment just oppassen, d'Apps net mateneen ze verwiesselen, an ongewollt eng Photo mat der integréierter Kamera ze maachen an direkt op Facebook ze posten.
Par conter kann een am Bus an am Zuch ganz ongenéiert Photoe vun deenen aner Leit maachen, déi der Meenung sinn, et wär een mat sengem Google Brëll wuel grad amgaang een digitaalt Buch ze liesen, oder ee Film ze kucken. Zwou Fonctiounen, déi sech wuel och moies am Stau hannert dem Steier grousser Beléiftheet erfreeë kéinten. Genee wéi bei de Schüler, déi endlech net méi op exotesch Akrobatik zréckgräife missten, fir sech mat Hëllef vum Handy ënnert dem Pult vum wéineg ënnerhalsame Cour ofzelenken. Een Hoke gëtt et awer : dee Brëll ass sproochgesteiert.
An Zukunft sollte mer eis also net wonneren, wann Leit duerch d'Géigend lafen, déi net nëmme mat sech selwer, mä mat hirem Brëll diskutéieren. Ech freeë mech lo schonn drop, ganz no laanscht sou Leit ze goen, an hirem Brëll komesch Befehler an dat digitaalt Ouer ze ruffen.
Dat ganzt Wësse vun der Mënschheet zu all Moment kënnen direkt virun Aen ze hunn ass eng flott Perspektiv. An awer seet mer eppes, dass och de Google Brëll mat sengem Internetuschloss haaptsächlech wäert dofir genotzt ginn, fir Biller vu granzege Katzen a Speckfilmercher ze kucken, mat Reklamme bomardéiert ze ginn an Photoe vum Plat du Jour ze verschécken. De mënschleche Fortschrëtt ass eben net opzehalen.