Den Theater am Trauer

D'Theaterwelt trauert duebel: ëm de Matbegrënner vum Kasemattentheater Pierre Capesius an d'Direktiounsassistentin Gaby Stehres vum Groussen Theater.
"Doch man sieht nur die im Lichte, die im Dunkeln sieht man nicht", heescht et am Bertolt Brecht senger Dreigroschenoper. Wat ee vun der Optik hier kann ënnerschreiwen, kann een um kreativ-emotionale Plang net. Wieren net déi am Schiet, also hannert de Kulissen, wier den Theaterbetrib - wéi sou vill aner Betriber sécher och - manner spektakulär, manner opwenneg, manner lieweg.Déi, déi hëllefen, datt d'Fiedem hannendru richteg gesponne ginn, neelen domadder déi Brieder mat zesummen, déi jo fir souvill anerer d'Welt bedeiten: fir d'Acteuren, d'Regisseuren, d'Techniker a fir de Publikum.
Wier de Pierre Capesius nom fréien Doud (1977) vu sengem Kolleg, dem charismateschen Acteur Tun Deutsch, net sou engagéiert weidergefuer als President, géif et de Kasemattentheater sécher scho laang net méi ginn, wat schued wier fir d'Villfalt an d'Qualitéit vum Theater zu Lëtzebuerg.
Quasi matten aus hirem aktive Liewen an a fir den Theater, ass d'Gaby Stehres gerappt ginn. Déi gutt Séil vum Groussen Haus an dem méi klenge Kapuzinertheater huet zënter der Reouverture am Joer 2003 un der Säit vum Direkter Frank Feitler eng wichteg Roll gespillt. Si géif dat elo nuancéieren, géif sech dezent an den Hannergrond stellen a sech heemlech freeën, datt alles sou gutt leeft. Sou wéi se et um Ufank als Regie-Assistentin vun en etlech Produktioune gemaach huet.
Mä d'Roll vun der Gaby Stehres war eng grouss an eng extrem mënschlech. Hir Wäermt, hiren Devouement, hir Gentillesse, hir Häerzlechkeet an hiren Humor hunn zum Theater gehéiert. Soubal een owes an d'Virstellung gaangen ass, huet se ee mat groussem Laachen an der Entrée empfaangen, engem mat Begeeschterung vun der Produktioun geschwäermt an engem nach direkt, déi wichtegst Informatioune matginn. Sou war se mat de Leit vun der Press, mat den Aarbechtskollegen, mat de Spectateuren a vrun allem och am Accueil mat all de Kënschtler vun heiheem an aus dem Ausland, déi opgetruede sinn.
Si wäert feelen - well wien hëlleft elo dem perplexe Luc Feit op der Bühn weider, wann op eemol den Text fort ass an hie just nach mat vill Humor "Gaby" rifft?
Obwuel, bestëmmt hëlleft d'Gaby Stehres och dann nach hannert dem Rideau!