kribbeleg Ouschtergedanken ...

Ouschtere steet vrun der Dier an de Gibbes Bertolo muss u seng Autosdier denken ...
Et war zejoert am Juli. Wou a wéini genee et passéiert ass, hunn ech bis haut nach net erausfonnt. Mä gleeft mer ëss: ech war nach bis an den Hierscht eran domadder geplot. Seechomessen am Auto. Iergendwou, am Süde vu Frankräich, mussen se deemools, firwat an op wéi engem Wee och ëmmer, era gekrabbelt sinn. Gutt verstoppt a gutt organiséiert goung et dunn mat zeréck op Lëtzebuerg. Ëmmer nees koumen se an de Wochen dono eraus luussen, sinn iwwert d'Armaturebriet an de Foussteppech gebësselt, dann nees an engem Schloff verschwonnen, jee: et war net grad evident sech an deene Momenter op d'Autofueren ze konzentréieren. Ech weess net wéi vill ech der sengerzäit mat de Fangeren zerdréckt hunn, ech krut d'Plo einfach net an de Grëff. Weder eng grouss Botz mat engem ultraperformante Stëbssuckler nach déi ultimativ Seechomessefal hunn zu engem Resultat gefouert: déi kleng Insekte waren einfach ze clever oder haten eben déi ideal Stopp am Won fonnt, wahrscheinlech an der Verkleedung vun der Autosdier. Do, wou se da wuel e Nascht installéiert haten a wou eng Kinnigin an aller Rou hir Eeër konnt leeën.
Den Internet huet mer dunn enges Daags d'Léisung vum Problem verroden. No villem Gegoogels zum Thema "Ameisen im Auto - was tun?" sinn ech op déi eenzeg plausibel a logesch Hëllef gestouss: Waarden, bis de Wanter kënnt, den Auto dobausse stoe loossen an hoffen, datt et e puer mol gutt fréiert. Dir wäert gesinn: dat iwwerlieft weder d'Kinnigin nach hire Staat. An dee gudde Rot hunn ech mer dunn och zu Häerz geholl. Och wann et moies net ëmmer agreabel war fir an dee kalen Auto ze klammen: Ech hu mech all Kéiers gefreet ewéi e klengt Kand wann den Thermometer ënnert de Gefréierpunkt gefall ass. An dat war an deene leschte 4 Méint jo nawell e puer Mol de Fall.
Elo, esou kuerz virun Ouschteren, ginn ech mol dovunner aus, datt deen Intermezzo definitiv ad acta ka geluet ginn. Deen zéie Wanter hat also dach seng gutt Säiten. Ëmsou méi grouss ass elo d'Virfreed op déi méi waarm Joereszäit. Am léifsten ouni Seechomessennascht an der Autosdier an aner Iwwerraschungseeër ...