Alles π (pi) oder wat? Et ginn der, déi fillen sech duerch d'Mathé gepisaakt, anerer maachen doraus eng Pi-Saga, Fernand Mathes!

Alles normaliséiert sech, zu Roum ass alles beim Alen, do ass elo Heemount, d'Klacke si prett fir Muer dohin ze fléien, hoffentlech nëmmen déi aus de Kierchtierm, ma an der Täsch hu mer der souwisou net méi vill... An iwwerhaapt vu Muer un , kënnen se eis nees klibberen!
Dee gréngen Donneschdeg huet et richteg a sech,  et ass den Ufank vum Jesus sengem Leidenswee an den Dag  krut och dowéinst säin Numm, gréng steet an dësem Fall  net fir dat, wat dat jonkt Fréijoer u Säftegem ze bidden huet, ma staamt vum alhéidäitsche Begrëff „grunen“ wat esouvill geheescht huet wéi „greinen, weinen“, also, kräischen oder op lëtzebuergesch eventuell gréngelen, wat zwar ze vill e schwaacht Wiertchen ass fir all dee Misère...

Apropos Misère, esou muench Famill wäert nach am Gang sinn ze gréngelen iwwer d' Zensur vun hirem Nowuess, well et do scho ferm gerabbelt hat ier een iwwerhaapt konnt un d' Klibberen denken. Ech weess vun enger Lycéesklass, do huet de Gros vun der Klass d' Mathé an de Sand, respektiv an d'Datz gesat an dat si genee déi faul Eeër déi een am Ouschternascht net ka brauchen.

Ma woufir zielen ech iech dat? Abee do hänkt nach eng drun; si hunn dëst Trimester zwee Mathéstester gehat, den éischten am Januar mat engem  Debakel als Resultat. De Mathésproff hat geduecht gutt drun ze doen, den 2. Test op de 14 Mäerz ze leeën, net wéinst dem hoffnungsvollen wäissen Damp zu Roum, ma well dësen Dag jo ee staarke mathematesche Fong huet. Dat huet dee gudde Mann dann och genotzt fir sengen Zuelendäiwelcher e Bonus ze ginn, wa se op hirem Blat géinge vermierken wat fir een Dag dann de 14 dës 3. wier. Grousst Kappzerbrieches, ma déi, déi e gudden Drot zu dem eenzege Mathematiker an der Klass haten, kruten zougeflüstert „haut ass de π-Dag“!
Ma wéinst der Pi-sa Norm an dem „keng Ahnung“ stoung op där Kopi déi ech z’ënnerschreiwe krut, anplatz  Pi-Dag „Bi-Dag“!
Well de Mathésproff Sënn fir Humor hat,  an um Resultat och kloer erkannt huet, dat et wierklech e Bi-Dag wor am Sënn vun „ça passe ou ça casse“ wor nach 1 Bonuspunkt erausgespronge.
An deem Sënn schéin Ouschteren, well dat ass och ee Bi-Dag, schliisslech brauch ee jo 2 Eeër fir ze técken....

Apropos "Alles PI oder wat"