En Apropos vum Bob Kieffer

Dëser Deeg sinn et bal genee 15 Joer, dass sech fir Millioune Leit d'Welt geännert huet. Mir schreiwen den 27. Mäerz 1998. De Jean-Claude Juncker ass scho Premier, an de Bill Clinton nach President. Den Euro heescht nach Ecu, an am Portmonni hu mer de belsch-lëtzebuerger Frang mam Jang. Déi puer, déi schonn een Internetaccès hunn, musse mat Altavista googlen, well Google nach net gegrënnt ass. Bei de Pëllekäpp vu Pfizer gëtt de Schampes opgemaach : grat kruten se d'Noriicht dass d'FDA, sou eppes wéi déi amerikanesch Santé, hiert neiste Medikament offiziell zougelooss huet. Viagra.

Zënterhier ass näischt méi d'selwecht. D'Ventë vun decapotabele Sportsween gi schlagaarteg an d'Luucht, well al Männer rëm ee Sënn dra gesinn hunn, jonk Fraen ze beandrocken. An den Eros-Zentren installéieren se Defibrillatoren, fir déi Clienten ze reaniméieren, déi op eemol mat Häerzversoen ëm- respektiv eroffalen. Online Apdikte maachen ee Verméige mam diskrete Verkaf vu bloe Pëllen u jonk Männer, fir déi d'Wuert Nuetsmarathon op eemol ee ganz anere Sënn kritt. Länner wéi Thailand kënne sech mat engem Schlag iwwert Touriste freeën, déi et traditionell éischter fir Wanderungen an de Schwarzwald gezunn huet. Männer, déi soss ni beim Dokter waren, fänken un, regelméisseg an den Checkup ze goen. Dem Berlusconi seng Bunga-Bungo-Poesie-Owender ginn iwwerhaapt mol réischt méiglech. An den Altersheimer kënnt et zu Scheedungen. D'Deckkäpp kënnen endlech Witzer maachen, bei deenen d'Bom, de Bop an d'Wuert „Bimmelen“ an engem Saz virkommen.

An Fälscherbande ronderëm d'Welt verdéngen sech eng gëllen Nues mat der Produktioun vu faarwege Kamellen, an deene vu Gips iwwer Ueleg alles, mä kee Sildenafil Zitrat dran ass. Bis haut gehéiert Viagra zu deene rentabelsten, an domadder och zu deenen am meeschte gefälschte Produiten op der Welt. Schonn 1999 hunn israelesch an australesch Fuerscher iwwregens eng Etude publizéiert laut där geschnidde Blumme méi laang méi schéi bleiwen an der Vase, wann een hinne Viagra an d'Waasser gëtt.

1999 ass och dat Joer wou d'DP d'Wahle gewonn an de Gesondheetsminister gestallt huet. Hire Slogan deemools: wat wär d'Liewen ouni Blo ? Wahrscheinlech war ech deemools ze jonk fir de subliminale Message ze verstoen...