Carrières-Kanner

En Apropos vum Bob Kieffer
Haut geet d'Schoul rëm un, haut gi se rëm aus hirem Ställche gelooss : d'Carrières-Kanner. Domadder mengen ech net déi aarm Däiwelen, déi an Nordkorea an de Steekaule schaffe mussen. Ech mengen och net déi heiheem, deenen hir Betreiung vun den Elteren outgesourced gëtt, fir dass se sou mann wéi méiglech der Carrière vu Mamm a Papp am Wee stinn. Ech schwätze vun deenen, déi vu klengem un op Carrière gedrillt ginn. Ni war de Chômage, grad bei Jonken sou héich ewéi haut, ni war d'Emfeld méi kompetitiv.
Wann ech haut d'CVen vun ambitionéiere Jugendleche kucken, gi mer d'Schudderen aus. Ënner 4 Vakanzjobs bei décke Boîten, e puer Internships bei internationalen Institutiounen, den obligaten Engagementer am soziale Beräich, an enger halwer Dosen Zousatzdiplomer vun iergendwelleche Summer-Schools, trauen déi sech guer net méi fir ze kandidéieren, a sief et nëmmen als Assistent vun der Sekretärin.
Wien deemno gären hätt, dass eppes aus senge Kanner gëtt, dee muss se, wéi et schéngt, scho vu klengstem un, op Carrière drillen. CV- Optimisatioun nennen ech esou eppes. Wien mat 3 Joer net scho wéinstens Englesch a Chinesesch ka, brauch sech net ze wonneren, wann en an deene richteg uerdentleche Crèchen net ugeholl gëtt, wat dozou féiere kéint dass en härno weder zu Cambridge nach zu Harvard erakënnt.
Wat d'Auswiel vum Sport ugeet, kann een net virsiichteg genuch sinn. Foussball, Handball an aner Equipesportarten sinn keng Optioun. Zum engem, well sech do net am néidege Mooss ëm den individuelle Prodige gekëmmert gëtt, zum aneren, well déi dee Klengen a Punkto Networking kaum weiderbréngen. Da léiwer Golf. Souguer wann et iere kee Spaass maache géif, léiert een do ëmmer nach uerdentlech Leit kennen.
Och Schach-, Piano- oder Geie-Stonne kënne sécher net schueden. Um CV vermëttelt dat herno d'Bild vun enger kultivéierter Persoun. Am selwechte Sënn sollten d'Elteren och méiglechst op Plage-Vakanze verzichten, mä hir Kanner op certifiéiert Bildungsreese schécken. D'Haaptsaach, si vergiessen net, dat mat Zäit an hirem Linkedin Profil bäizeschreiwen. An da wonnere mer eis, wann haut schonn 12 jähreger um Burnout-Syndrom leiden …