Ouschteren ass eriwwer – an domadder och d'Eeër-técken – oder d''Eiertütschen' wéi se an der Schwäiz dofir soen. Gewënner ass ëmmer deen deem séin Ee ganz bleift. Awer net iwwerall ginn Eeër getéckt an den Hues huet och nach laang net an all Land seng Patten am Spill.

Op ville Platzen ginn Eeër gerullt. Sou mussen déi fuerweg Gackelcher an England eng Strooss oder en Hiwwel erofrullen a gewonn ass de Besëtzer vun deem Ee wat et am wäitesten packt. Dëse Brauch geet et och an Éisterräich an gréisseren Deeler vun Däitschland. Ze guer virum Wäissen Haus ginn Eeër gerullt. Hei mussen Kanner en Ee mat engem Holzläffel sou wäit wéi méiglech gerullt kréien – ganz wuel bemierkt. Eng Traditioun déi vum Präsident Rutherford 1878 an d'Liewe geruff gouf an déi ëmmerhin un déi 30000 Mënschen Ouschterméindeg op d'Wiss vum Wäissen Haus bréngt – op Invitatioun versteet sech.

An aner Länner ginn Eeër geworf. An Bulgarien entweder op Kichemaueren oder op Leit aus der Famill. Wiem séin Ee dobäi ganz bleift soll am nächste Joer am meeschten Erfolleg hunn. Alternativ ass et déi eelsten Fra am Stot déi de Kanner mat engem rout gefierftem Ee iwwert Gesicht fiert – dat soll Gesondheet bréngen; déi rout Fuerf steet symbolesch fir dem Jesus säin Blutt.

Gehäit ginn Eeër och an Südtiroul – hei soll et Gléck bréngen wann een en Ee  iwwert dat eegent d'Haus geworf kritt. A Bayern ginn se an engem Säckelchen mat enger laanger Fisel geschleidert.
All dës Bräich hu just eppes gemeinsam: Deeër mussen haart gekacht sinn – den Ouschterhues ass do dergéint net iwwerall am Coup.

Fir d'Australier ass den Hues eng eenzeg Plo an dofir och net beléift sou dat Mënschen 'Downunder' dem Ouschterhues schonns méi laang gekënnegt hunn. Hei liwwert den Bilby d'Eeër – eng Zort Kanéngchen mat laanger Nues an engem Beutel andeem d'Eeër dann och transportéiert ginn.

Am meeschten Phantasie brauchen déi kathoulesch Kanner am Frankräich. Si kréien erzielt d'Klacken géifen d'Eeër bréngen. Dës fléien bekanntlech Karfreideg op Roum fir Ouschtersonndeg erëm ze kommen. Op dem Heemwee géifen si d'Eeër dann zesummen mat Séissegkeeten verstoppen – sou dat Kanner sech Ouschterméindeg op d'Sich kenne maachen.

Dat Klacken op Roum fléien erzielen mer och de Kanner heiheem awer d'Eeër verstoppt nach ëmmer den Ouschterhues. Ech hoffen dir huet är al fonnt!

AUDIO: A propos Jean-Luc Thill