Fëmmen am Bistro oder net fëmmen am Bistro? Zu Lëtzebuerg wäert déi Fro nach eng Zäitchen aktuell sinn, nodeems jo elo de Staatsrot mam Gesetzprojet, deen de klénge Caféen eng Iwwergangsléisung virgesäit, net averstanen ass.

Hënn mat an e Restaurant huelen, war viru kuerzem och en Thema, nodeems e chien d'assistance net eragelooss gi war, wat net erlaabt ass

Aner Länner, aner Suergen: zu Innsbruck huet viru kuerzem de Patron vun engem Café bei der Gare eng Damm an hire Mann opgefuerdert säi Lokal direkt ze verloossen. Si haten net gefëmmt a keen Hond bei sech, hunn net gestridden, waren net frech, waren net alkoholiséiert an si haten och kee Problem hir Rechnung ze bezuelen.

Hire Faux-Pas war einfach: si hu sech gekësst! Dobäi hat d'Madame hirem Här, deen op se gewaart huet, just eng Bees gi fir him Bonjour ze soen an duerno hat se hir Hand op säi Been geluecht. Fir den opgereegten a resolute Patron war dat en Affront géint d'Regele vum gudden Toun a vrun allem vu sengem Haus an hien huet der Koppel gesot, si soll elo goen.

„Ech ginn net an e Lokal fir mat enger Dame ze fummelen, dat soll een doheem maachen. Et muss ee seng Sexualitéit net hei ausliewen“, sou de Patron Kerameddin Korkmaz, e gebiertegen Tierk, dee schonn zënter 20 Joer zu Innsbruck lieft an schonn zënter 10 Joer säi Restaurant huet a seng Regelen. An déi sinn och kloer an däitlech virun der Dir ugeschloen: „Aus Respekt virun eise Mataarbechter an internationale Gäscht, biede mer iech Zäertlechkeeten an eisem Lokal ze ënnerloossen.“

Wien dat net respektéiert, ka jo an ee vun den anere 70 Lokaler an der Noperschaft goen, mengt de Kormaz. Reklaméiere bréngt op alle Fall näischt. Déi éisterräichesch Wirtschaftskummer huet schonn zwou Plainte mussen zeréckweisen: e Wiert huet d'Recht ouni Grond engem Gaascht ze verbidden a säi Lokal ze kommen.

De Restaurant heescht iwwregens „Insieme“- dat bedeit op italienesch „Zesummen“- e bëssche paradox also, well ze vill no zesumme soll een hei net réckelen.

Apropos "Mir mussen dobausse kussen"