Al, awer jonk

Ganz vir am Kino sëtzen - wann et net där grousser Säll een ass -, ass jo lo net grad déi bequemst Plaz a meeschtens huet ee jo och d'Méiglechkeet, sech seng Plaz gemittlech erauszesichen. Net ganz war dat mer de Weekend gegléckt, wéi ech – net ze spéit awer leider och net fréi genuch - un der Kinoskeess no Plaze fir de Film vu mengem Choix gefrot hunn. Um Enn war et déi zweet Rei - Gott sei Dank konnte mer dunn nach op net besate Fotellen op der Säit auswäichen. Fir d'Aen an d'Nuque war dat besser, fir d'Konzentratioun manner; well virdrun zwou Dammen sech d'ganz Filmhandlung nom Kucken och nach emol erzielt hunn.Mä dat ass eigentlech net de Grond, firwat ech haut iwwer de Kino schwätzen.
Well um Enn waren d'Plazen an de Confort net wichteg a séier vergiess, wéi de Film bis u war. E Film, deen op eng herrlech witzeg Manéier mat deem spillt, vrun deem mer dach alleguer Bammel hunn: dem Alter.
De Film „Quartett“, bei deem den Dustin Hoffmann mat ëmmerhi 75 Joer seng éischt Regieaarbecht absolvéiert huet, spillt an engem Seniorenheem fir eeler Museker. Alles schéngt eenegermoossen harmonesch ze funktionéieren am romanteschen Haus matten an der herrlecher Natur, bis eng nei Pensionärin eraplënnert - eng fréier Diva, déi net jidderee mat Freed acceptéiert.
Méi wëll ech iwwer d'Geschicht net verroden, just datt de Publikum am Sall (gemëscht tëscht alle Generatiounen) mat Momenter häerzlech gelaacht huet: iwwer déi skurril an touchant Momenter vum Film, iwwer déi mënschlech Faiblessen an déi altersbedéngte Schwächten, déi Personnagen sou lieweg a sprëtzeg a sympathesch maachen, gewierzt mat liichtem Sarkasmus a schwaarzem Humor.
Um Enn hunn ech mech gefrot, ob dat Laachen net och e bëssi Eegeschutz war oder Selbstironie. Eng Aart a Weis, fir mat Humor ze gesinn, wat dach eemol den Eescht vum Liewe ka ginn a sech domadder d'Angscht oder de Frust virum al Gi selwer ze huelen.
A wann et esou ass oder war, dann ass de Film méi wéi just e Film! Op alle Fall waren déi meescht gutt gelaunt, wéi se erausgaange sinn an ech hat d'Impressioun, et huet ee sech souguer méi jonk gespuert!