D'Laache vergeet engem zwar esou lues, ma duefir just: eppes zu der Laach vun der „grande nation".

Et héiert een heiansdo Geschichten, do traut ee sengen Oueren net an an et kéint ee mengen den Ouschterhues wier en Héngermisch.
45 € misst ee jo entretemps coulant an ouni Gedeessems kënne weltwäit iwwerweisen. Dat geet och ze soen iwwerall ....Iwwerall? Bal iwwerall... do gëtt et ee klengt gallescht Duerf... nee et ass net nëmmen en Duerf , ma ganz Gallien, dat do nach eng oder déi aner Astuce op Lager huet.

Virun 3 Wochen wor ee gudde Frënd aus Amerika op Besuch. En hat eng flott Zäit hei, ma e wollt Europa och op d'eege Fauscht kenneléieren. En hat sech en Auto gelount a wor bis erof op d' Côte d' Azur. Esouwäit alles OK an e wor um Enn richteg begeeschter vu good old Europe.
Bis en nees doheem wor, well du krut en nach eng kleng franséisch Quittung nogeschéckt. E wor, op der Autobunn vu Fréjus op Nice mat 118 geblëtzt ginn, et wor 110 erlaabt. Dat mécht 68 € allerdéngs wann en a manner wéi 46 Deeg bezilt, gëtt et eng déck Remise an e wier da mat 45 € gebeicht. De gudde Mann ass äusserst korrekt a wollt seng Schold direkt begläichen ma dat wor net esou liicht, et wor wuel drop vermierkt, et kéint ee per Chèque iwwerweisen oder per Virement (dat muss de engem Amerikaner hautjesdaags mol proposéieren) No e bëssen hin an hir hat en a sengem Bekanntekrees ee fonnt, den ëm alles entschlësselt hat an si hunn och de Site um Internet fonnt wou's de däin Obulus un de franséische Gouvernement kann s iwwerweisen.... allerdéngs wor dat aus onerkläerleche Grënn net méiglech aus der friemer neier Welt.
Antëscht wore schon e puer Deeg ëm an du koum nach eng no, eng Rechnung vun der Firma déi him den Auto verlount hat; „frais administratifs“ fir dem franséische Gouvernement dem Mann seng amerikanesch Adress matzedeelen: 35 €.

Vill waarm Loft fir eng gutt europäesch Visitëkaart ofzeliwweren.....
mir hunn iwwregens de ganze Buttek vun hei aus bezuelt, eis entschëllegt a versprach, mer géingen dru schaffen.

Apropos "Eng europäesch Visitekaart"