An der lescht gesäit een der ëmmer méi op der Strooss: jonk Leit mat décken Dénger op den Oueren.

Ech duecht jo fir d'éischt, et wär einfach just well et dëse Wanter sou kal war. Mä dunn hunn ech festgestallt: dat si keng Ouerewiermer, dat sinn Ouerewierm-Lauschtermaschinnen. Kopfhörer. Ee komescht Wuert eigentlech. Op Lëtzebuergesch misst et wuel Kapphéierer heeschen, mä dat mécht d'Saach net besser. Déi si jo net fir de Kapp ze lauschteren. Soss kéint een ee Brëll jo och Kappkuckert nennen. Wann ee verschiddener domadder gesäit ass et par konter fir sech un de Kapp ze fillen. Nodeems mer eis mat iPod an iPhone un de Knapp am Ouer gewinnt haten, sinn elo also déi richteg grouss Kopfhörer zréck. Als faarweg Moudeartikelen an hip Accessoiren, mat oder ouni Kabel.

Alleng an Däitschland goufen der d'lescht Joer iwwer 11 Millioune verkaf, wat engem Ëmsetz vun 306 Milliounen Euro entsprécht. Dëst Joer sollen et der nach méi ginn. Den Trend gëtt gedriwwe vu Marke wéi Beats by Dr Dre, déi haaptsächlech vum Image vun hire Grënner liewen. Dee versprécht Sound wéi aus dem Studio. Mä huet een deen och, wann een just kompriméiert, raubcopéiert MP3en lauschtert? Heiansdo ass dee beschte Klang einfach guer kee Kleng: Noice-Cancelling nennt sech dat, a soll souguer erlaben am städtesche Bus kee Kaméidi méi ze kéieren. Nach net mol deem vum Typ mat de Kopfhörer niewendrun. Dat ass wuel och de Grond firwat déi Kopfhörer am XL Format oft genee sou ausgesinn, wéi den Ouereschutz, deen d'Leit um Chantier oder um Fluchfeld undinn, fir d'Gehéier an d'Gehir ze schützen. Wann een se ausdeet, an dee Moment, wéi well Moud ass, ëm den Hals hänkt, sou als Zort digitale Schal, sinn se bestëmmt gutt fir een Torticollis ze verhënneren, sou massiv sinn déi Denger.

Vläicht ginn et fir de Summer lo, wann en dann iergendwann kënnt, och Modeller mat integréierter Klimaanlag. Plaz fir ee klengt Gebléis wär jo mol genuch dran. Alles besser wéi eng eng Koppel waarm Oueren.