Kommiounskanner

Et ass d'Zäit vun de Kommiounen uechter d'Land. De Gibbes Bertolo erënnert sech kuerz u säi groussen Dag, deemools ...
Ech gesinn déi schwaarz-wäiss Foto nach viru mer. Dee klenge Blonden am schwaarze Kostüm mat Méck a Rousekranz. Mäi Brudder hat se gemaach, uewenop am Gank, nieft där rustikaler Kommoud a mat där geblimmelter Tapéit als Hannergrond. Den Dag selwer huet, souwäit ech mech erënnere kann, doheem mat enger Portioun Hektik ugefaangen. D'Kommiounskanner sinn, wéi d'Traditioun dat jo och haut nach ëmmer wëll, mat der Musek bis an d'Kierch getrëppelt. A well mäi Papp selwer och an der Musek war, gouf et e bëssche Gedeessems an Opreegung a Saachen Organisatioun.
Vun der Zeremonie selwer ass, ausser der Hostie am Gomm, net terribel vill hänke bliwwen. Duerfir awer ëm sou méi vum grousse Familljeniessen owes am Restaurant. Pätter a Giedel als Dëschnoperen, et gouf iergend ee Fleesch mat enger séisslecher Zooss, zum Gléck awer och "pommes dauphine" a vrun allem e Schof aus Glace, vun deem ech an der Nuecht nawell ellen de Bauch wéi hat.
A ganz gudder Erënnerung bleiwe mer, wie wonnert et, déi vill flott an och manner cool Kaddoen, déi Famill a Frënn sech fir dee groussen Dag ausgeduecht haten. Onvergiesslech: mäin alleréischte Plackespiller an déi puer Lëtzebuerger Diske vu Colette a Fernand, Marcel Jander an Aly Bintz. Dat gielt Buch mam Titel "Wer weiß was?" an deem ech nach Joeren duerno dra gebliedert hunn an dat ech och nimools wäert an d'Pabeiersammlung ginn. Op der anerer Säit gouf et awer och vun iergend enger Tatta ee bestëmmt net bëllege Manicure-Set aus Lieder deen ech leider ni benotzt hunn.
Wann ech sou héieren, wat eis Kommiounsmeedecher a -jongen haut op hirem Kaddosaltor leien hunn: Smartphone, Tablet-PC, DS, PS a Wii ... mä: Stop! Mir liewe jo am Joer 2013 an net méi am leschte Joerdausend. Villes huet geännert, ë.a. och, datt ëmmer méi Kanner d'Kommioun guer net maachen. Datt déi dann trotzdem mat Materiellem oder enger Rees bei d'Micky Maus belount, fir net ze soen: entschiedegt ginn, ass vläit och mol eng kleng Diskussioun wäert. A séier d'Klamer zou gemaach.
E Sonnden elo kréie mer jo endlech Kommiounswieder. Chance fir déi, déi dann dierfe feieren. Vergiesst net, Är schéinste Biller op foto@rtl.lu ze schécken, da ka jidderee se bewonneren. An denkt och drun, datt manner dacks méi ass. Beim Iessen an Drénken an och bei de Kaddoen. An deem Kontext: déi nächst Lëscht zirkuléiert jo an e puer Joer beim Sakrament vum Bestietnes. Wann déi betreffend Persoun dann nach Member am Club ass ...
