„Das Geld muss fliessen!“ hunn ech de Weekend an engem Reportage héieren. Nee dat war keng Ausso vun engem Banquier oder iergend engem Finanzexpert, mä dat war de Saz, deen e Privatmann gemaach huet, dee Kënschtler ass. „Wann ech Suen hunn, da wëll ech se och ausginn, bewosst a verantwortungsvoll. Si kommen eran, fir meng Konscht an ech wëll se notze fir mäi Liewen an dat vu menger Famill“, sot de Mann weider an huet nach preziséiert, datt hien d'Erfahrung gemaach huet, wann e probéiert huet Geld ze spueren an ze halen, datt en da meeschtens falsch Decisiounen dermat geholl huet. An um Enn net dat fir seng Sue krut, wat se wäert waren.

Recht krut de Mann a senger Ausso iwwregens vun engem Finanzexpert, dee kuerz erkläert huet, datt de Fait, datt souvill Suen net géinge fléissen oder am Ëmlaf wieren, och e Stopp an de ganze System géif bréngen an deemno a Krisenzäiten éischter kontraproduktiv wier.

Lo denken der sécher vill- sou wéi ech um Ufank och- et ass och net verantwortungsvoll, wann ee sech keng Suen op d'Säit leet- fir schlecht Zäiten. Oder fir spéider, wa mer d'Pensioun hunn. Oder awer, datt mer eise Kanner op déi Manéier näischt hannerloossen.

Mä wat ech mech méi laang mat der Iwwerleeung beschäftegt hunn, wat se mer ëmmer méi logesch virkomm ass.

Liewe maache mer och elo, net eréischt spéider.

Zäite sinn ëmmer mol besser a mol méi schlecht.

A wéi ass et mat der Pensioun- hu mer iwwerhaapt d'Chance déi eemol ze kréien?

An eis Kanner, solle mer net och elo d'Geleeënheet notzen hinnen ze weisen, wéi ee verantwortungsvoll seng Sue kann ausginn a sech Prioritéite setzt, wat wichteg an derwäert ass.

Am Reportage war dat zum Beispill d'Qualitéit vun der Ernährung, aner Saache wéi den Auto, ware keng Prioritéit.

Mä dat ass sécher fir jiddereen anescht! Haaptsaach et bleift een am Floss- am Floss vum Liewen, vum bewosst Liewen.

Oder fir et emol mam griicheschen Ausdrock ze soen: Panta rhei! Alles fléisst. Och d'Geld.