Haut ass ë.a. den Internationalen Dag vum Denkmal an de Weltdag vun den Amateurfunker. Huet e Joer iwwerhaapt genuch Deeg fir all déi Weltdeeg?

Et war en nobele Gedanken, deen déi Vereenten Natioune sengerzäit haten, wéi se 1947 mat hirem eegenen, dem "UN-Dag", de Stee quasi un d'Rulle bruecht hunn. Kuerz nom 2. Weltkrich sollt un den Zesummeschloss vun haut 193 Länner an enger gemeinsamer Organisatioun erënnert ginn. Haut ginn et vun der UN an hiren Ënnerorganisatioune wéi Unesco, Unicef oder WHO eng ronn 70 offiziell Welt- oder International Deeg. Déi meescht hunn dann och e seriéisen Hannergedanken, wëll soen: et soll een dozou verleet gi bewosst iwwer weltwäit Problemer nozedenken an deementspriechend an Zukunft och mol konkret ze handelen. Vum Welt-Aids-Dag, dem Weltdag vun der Famill, vum Fridden, vum Kand, der Ëmwelt, der Wëssenschaft, dem Buch bis bei de Weltdag vum Gléck, deen eréischt viru knapp engem Mount agefouert gouf.

Da ginn et déi, wou ee sech seet: jo, interessant, firwat net ... de Weltdag vum Schlof, vum Dateschutz, vum Laachen, Veganer, Radio, Handball, Kaffi, Kaz, Allergie ... alles OK, alles novollzéibar, kee Problem.

Eng 3. Kategorie da mat Weltdeeg, déi ech ganz einfach als "originell" wéilt bezeechnen. De Weltdag vun der Toilette, vum Kappwéi, vum Coming Out oder dee weltwäiten Dag vun der Anti-Diät. Se doe kengem wéi, bréngen d'Welt awer och net onbedéngt virun. Dorëms geet et hei jo och net. Esou Gedenkdeeg sollte mat engem einfache "clin d'oeuil" bewäert ginn, net méi an net manner. Am Prinzip ka jidderee sech en neie Weltdag ausdenken a probéieren, en ze verbreeden. Dat ass dann och déi grouss Erausfuerderung. Ginn et genuch Leit op eisem Planéit, déi meng Propose gutt fannen a mat hir sympathiséieren oder deit alles drop hin, datt ech meng eege Kreatioun ganz alleng muss feieren ? Wuel kaum, well mat Hëllef vu Facebook, Twitter a Co. bleift een normalerweis ni ganz laang op enger geckeger Iddi sëtzen.

Wosst Dir, datt et e Weltdag vun der Joggingsbox géing ginn? Oder dee vun der verluerener Strëmp? De Weltdag vum Papagei, vun der Botzfra, vum Gangster, vum Siteadministrator? De Weltdag vun der Salami, vum Kopplabunz, vum Chouergesang oder vum näischt kafen? Wien der Däiwel brauch esou eppes, resp. huet sech dat ausgeduecht?

Zum Gléck doen déi Kuriositéite jo kengem wéi. Se goufen zwar mat den Hoer erbäigezunn awer se ameséieren. A gi vläit nei Denkustéiss well der Fantasie si jo bekanntlech keng Grenze gesat. Wéi wier et mat engem Weltdag vun der Espressostaass, vum Kreesverkéier oder vum klenge Fanger? All Propose ass wëllkomm, avis aux amateurs!

RTL
Apropos: keen Dag ouni Weltdag