Kuba – eng Insel fir ze dreemen. Vläicht net vun Mënscherechter an Demokratie – obschonn se och hei ëmmer méi an déi Richtung ënnerwee sinn – dofir awer vun der karibescher Kultur: Musek, Rhum an kubanesch Zigaren – fir vum gudde Wieder guer net ze schwätzen. Den Hemingway wär net fir näischt sou vun der Insel ugedoen – wéi och déi zegdausend Europäer déi all Joers als Touristen dës Kultur wëllen erliewen – woubäi deene meeschten hir Zigar 'all inklusiv' mat 5 Stären am beschten dierft schmaachen.

Et ginn awer 166 Mënschen déi Kuba am léifste gëscht schonns verlooss hätten. Riets geet vun Guantanamo. Virun 11 Joer ass dësen US-amerikanesche Militärstützpunkt op der Karibik-Insel als Stroflager ëmgebaut ginn, a genau sou laang sëtze schonns verschidde Prisonéier hei a waarden nach ëmmer op eng Uklo an e Prozess. Enn Februar sinn elo eng 20 vun hinnen an en Hongerstreik getrueden – offiziell aus Protest wéi Giischtercher Zellen kontrolléieren, méi genau wéi d'Gebietsbicher ënnert d'Lupp géife geholl ginn. Eng Kontroll bei deenen dës Bicher, de Prisonéier no entweit géife ginn. Vum Militär ginn dës Virwërf all kategoresch zeréckgewisen. Dës helleg Bicher géife vun engem musulmaneschen Iwwersetzer kontrolléiert – Giischtercher géife just dernieft stoen an nokucken. Am Mäerz huet d'Situatioun sech zougespëtzt – mat iwwert 40 Leit am Hongerstreik - an d'lescht Woch koum et zur Eskalatioun. Woumatter op d'mannst och en inoffizielle Grond vum Protest erfëllt wier. Den Hongerstreik erënnert d'USA wéi och d'Welt op e neits un d'Existenz vun dësem Militärprisong an domadder och un déi hoffnungslos Lag vun den Gefaangenen.

Eng Zigar kritt och de President Obama. Nodeems en 2008 ugetruede war als Präsident Guantanamo nach bannent engem Joer zou ze maachen, huet en d'Stroflager weder bei senger zweeter Untrëttsried nach bei der Ried zu der Lag vun der Natioun ernimmt. De Senat mécht dem Obama do e Stréch duerch d'Rechnung a blockéiert schonns jorelaang d'Mëttel fir Guantanamo zouzemaachen a sou déi Gefaangenen a Prisongen um amerikanesche Festland ze verleeën. Dobäi ass déi amerikanesch Regierung selwer schonns zur Conclusioun komm dat d'Halschent vun de Prisonéier iwwerhaapt kee Verbrieche begaangen hunn a 86 vun den 166 Prisonéier als ongeféierlech aklasséiert. Esouguer eng Lëscht mat Nimm vu Leit déi fräizeloosse wieren, gouf viru Chrëschtdag vum amerikanesche Justizministère publizéiert. An awer bleiwen dës Leit agespaart – well néierens Plaz fir se ass, also keen se wëll - weder an Drëttstaaten a schonns guer net an den USA.

Gutt dat mer net ëmmer un Politik denken wa mer eis Vakanzendestinatioun eraussichen – soss misste mer nach op emol heiheem bleiwen.