Haben und Sein

Mir schreiwen de Floréal am Joer 221 vum Republikanesche Kalenner, an awer huet een a gewësser Hisiicht d'Gefill, dass d'Franséisch Revolutioun réischt gëscht gewiescht wär. Säit Offshore-Leaks ass d'Guillotine rëm ausgepaakt ginn, déi rhetoresch. Éischt Käpp si scho geflunn, ugefaang mat deem vum Minister Cahuzac.
Direkt duerno huet de President Hollande vu senge Ministere verlaangt, d'Kaarten op den Dësch ze leeën. D'Kreditkaarten. An alles wat se soss nach hätten. Zënterhier ass an der franséischer Politik ee Concours entbrand, wien deen Äermsten ënnert hinnen ass, an domadder am noosten drun um Vollek. En Héichpunkt huet d'Diskussioun erlieft, wéi den aktuelle Premier sech indirekt mam fréiere Premier driwwer gestridden huet, wien vun hinnen zwee dann elo dee schappegsten Auto hätt. Deen een huet stolz declaréiert ee raschtege Volkswon Kombi ze hunn, wougéint deen aner Wäert drop geluecht huet matzedeelen, dass seng Këscht awer och schonn iwwer 10 Joer hätt.
Der Madame Taubira par konter schéngt et richteg gutt ze goen, déi huet declaréiert, dass se net nëmmen een, mä direkt 3 Vëloen huet. Wann ee bedenkt, dass aner Leit sech nach net mol eng Trottinette leescht kënne sollt een eeschtlech driwwer nodenken, vum 2te Vëlo un eng Luxussteier ze erhiewen.
Wat mech allerdéngs vill méi intrigéiert, sinn déi Ministeren, déi scho säit Jore gutt dobäi sinn an uerdentlech Paie kasséieren, et sief e gegënnt, an awer kaum Patrimoine opzeweisen hunn. Wou ass dat ganzt Geld dann hin? Hu se dat versoff? Am Casino verspillt? Un d'Caritas gespent? De Laurent Fabius muss sech déi Froen net gefale loossen, deen huet eng 6 Millioune Verméigen. Gutt dass en Ausseminister ass, als Sozialminister hätt hien no där Revelatioun wa méiglech wéinst fachlecher Inkompetenz demissionéiere misse.
Richteg konsequent wär et dofir sou Deklaratiounen net réischt vun de Minister, mä am Virfeld vun alle Kandidaten op alle Lëschten ze froen. Wien dogéint ass huet bestëmmt ee Konnt an der Schwäiz oder ënnerstellt dem Wieler bëllege Sozialnäid. Béides ass, net nëmmen am Frankräich, einfach ondenkbar.