Et muss een net ëmmer erreechbar sinn- et ass och gutt, wann een emol den Handy aus léisst, net permanent seng Maile checkt an net am Restaurant, am Kino, am Auto oder an enger delikater Situatioun ophieft, soubal den Telefon en Toun vu sech gëtt. Dat kann esouguer op laang Dauer zum Burnout féieren, hunn ech scho gelies.

Abee gutt, hunn ech mer deemools geduecht a mech awer net dru gehalen. Jo, ech ginn zou ech kucken dach ëmmer a regelméisseg, ob ech e Mail, eng SMS oder en Uruff kritt hunn! Domadder maachen ech mer et sécher net ëmmer ganz relax an dacks denken ech: deen do Message wier och nach duergaangen, wann s de e muer gelies häss.

Dat ass jo och dat schéint drun, datt ee ka selwer decidéieren, wéini ee liest wat geschriwwe gouf oder lauschtert wat geschwat gouf . Op alle Fall kënnt esou all wichtege Message och do un, wou e soll hin.

Mä dach war ech dës Deeg op e RV, dee scho laang feststoung, a krut do gesot, de RV misst annuléiert ginn. Leider wier keen u mech komm fir mer Bescheed ze soen.

Tatsächlech war a mengem Handy e puer Deeg virdrun en Appel en Absence, op deen ech zeréckgeruff hunn an bei deem ech op e Repondeur gefall sinn, vun deem ech erkläert krut: All eis Linne sinn den Ament besat... Dir kennt dee Sproch bestëmmt och! Op d'mannst wosst ech iwwer dee Wee awer emol vu wou den Appel en Absence komm war an ech hunn daper weider probéiert zeréckzeruffen.

Den Dag drop dat selwecht: nees en Appel en Absence, nees en Appel an nees: All eis Linnen si besat!

Dat war, wéi gesot, e puer Deeg virdrun, den Dag selwer vum RV hat kee mer ugeruff fir mech z'informéieren an och kee mer e Message hannerlooss op mengem Repondeur, op deem et heescht:

„Ech sinn net z'erreechen, mä dir kënnt mer e Message hannerloossen, da ruffen ech zeréck.“

Just dat mam zeréckruffe wier dann nees méi schwéier gewiescht- dir wësst schonn, wéinst „eise Linnen, déi all besat sinn“.

Da muss ech wuel awer ëmmer erreechbar bleiwen. Dofir entschëllegt mech elo,  mäin Handy schellt an ech wëll net nees verpassen, datt ech e RV verpasse kann.

Apropos "All eis Linne sinn den Ament besat..."