D' Liewe wier dee beschte Léiermeeschter gëtt gesot! De Fernand Mathes mat enger Lektioun vun enger 100jähreger!

Viru kuerzem hat ech mat engem léiwe Frënd Rieds iwwer seng Tatta, déi hier 100 Joer gefeiert huet, an dat bäi beschter Gesondheet a Kloerheet.
Si haten hier eng Rous vu Jericho geschenkt, och aus der Bibel bekannt als Planz vun der Operstéiung, well se ëmmer nees zou sech kënnt, esoubal se Waasser kritt. Eng schéi Symbolik fir eng rüsteg Fra am allerbeschten Alter.
Ma wouranner besteet hiert „Waasser“, wat hält dës Persoun an der Riicht wat motivéiert se?
Hir Gewunnechten, hir Wäerter, huet mäi Frënd gemengt, dat wouran se zanter jee hir Vertrauen huet a wou se sech an hirem Geescht dran erëmfënnt. Dat liicht an, hunn ech gemengt, ma liicht ass et net fir zweifelsfräi mat deem duerch d' Liewen ze schwiewen, wat een esou mat op de Wee kritt huet...
Hire gréisste Wonsch wier och dëst Joer mat hiren 100 Joer an d'Oktave ze goen, well d' Muttergottes wier eng vun hire wichtegste Stäipen. D' Famill huet gesot, dat wier vläicht ze riskant wier mat enger 100jähreger aus dem Fleegeheem an d' Kathedral ze jabelen. Mäi Frënd huet lakonesch dozou gemengt: „Si wier elo grouss an al genuch fir dat ze maachen“ a si wier nach ni besser encadréiert gewiescht wéi elo. Wat jo och stëmmt an deemno wäert der Madame hire Wonsch dës Woch och an Erfëllung goen.
Déi Geschicht huet mech un d' Nodenke kritt an ech hu mech drun erënnert, wéi faszinéiert ech als Kand vun där Oktave wor, net nëmme vum Mäertchen. Wat fir een Univers déi Kathedral fir mech wor, zemol wann all déi kleng Gasliichtercher am Kiercheschëff gebrannt hunn an domadder eng Ambiance gezaubert hunn, déi s de och haut mat modernster Lightshow net kanns toppen.
Allerdéngs, spéitstens bäi de Gasliichtercher sinn ech mer bewosst ginn, datt dat schonn eng hallef Éiwegkeet zeréckläit an datt ech selwer ewell och schonn en etlech Kilometer um Compteur hunn. Ma nawell, a vläit grad dowéinst fannen ech där 100jähreger Madame hir Liewesastellung exemplaresch: stéi zu denge Wäerter a probéier du selwer ze bleiwen, vläicht kënns de nëmmen esou: „eng Oktav méi héich!“

Apropos "Positives aus dem Marie-Land"