d'Saach mam Raumen ...

Et gi Saachen am Liewen déi ee léiwer mécht ewéi anerer. A wéi hutt Dir et mam Raumen? Apropos ...
"Raum Deng Saachen direkt, da brauch s d' et herno net ze maachen". Wéi dacks krute mer dee Saz als Kand vun eisen Elteren ze héieren, resp. hu mer dem eegene Nowuess déi Priedegt mussen halen. Huet et eppes genotzt? Ech bezweiwelen et ...
Heiansdo iwwerkënnt et een, da gëtt ee quasi euphoresch, dann ass een net méi ze bremsen. Zemools an dëser saisonal-bedéngter Opbrochstëmmung: wann een da scho mol mat der Fréijoersbotz amgaangen ass, ass dat bëssche Raume jo och net vu Muttwëll.
Muncheree fänkt allerdéngs elle mat keimen un, wann et ëm d'Uerdnung geet. D'Uerdnung, déi jo anscheinend dat halleft Liewen duerstellt. Et gi jo Leit, déi hu mat engem iwwerfëllte Kleederschaf oder Büro kee Problem, si ginn eens an hirem private Chaos. Sou laang se ëmmer nees alles erëmfanne wat se sichen. Dacks entsteet dee Chaos oder Duercherneen eenzeg an alleng aus ... looss mer et "Matleed" nennen. Et wëll ee sech einfach net vun dësem oder deem trennen. Dee Pullover, deen een zwar ni undeet, deen awer einfach ze schued ass fir an der Kleedersammlung ze landen. Oder déi verstëbste Classeuren an Dossieren am Schaf, déi zanter Joeren net méi opgemaach gi sinn, déi een awer trotzdem wëll halen, aus wéi enger Ursaach och ëmmer. An awer: wa se bis fort si kréint keen Hunn méi duerno, mir hunn et jo alleguerte schonn erlieft.
"Näischt kann existéieren ouni Uerdnung, näischt kann entsoen ouni Chaos" sot mol eng Kéier den Albert Einstein. Gutt gesinn. Et ass allerdéngs e klengen Ënnerscheed, ob een am eegene Chaos den Iwwerbléck behält oder ob ee Chaos hannerléisst. Hei kritt d'Raumen dann eng kruzial Bedeitung. Eliminéieren, vergiessen, klasséieren, verstoppen, vertässelen ... et gi vill Begrëffer, déi engem an de Sënn kommen. Steng aus dem Wee raumen, d'Feld raumen, säi Stull raumen, een aus dem Wee raumen, säi Liewen opraumen ... mä ier mer elo hei an dat Philosophescht ofdriften: déi kleng Raumaktioune sinn et, déi eist Liewe méi einfach kënne maachen: d'Zännbiischt nees zeréck an d'Glas setzen, d'Wanterschong an de Keller droen, d'Spullmaschinn direkt eidel maachen, ... elauter Saachen, déi op der Hand leien, déi am éischten Ament vläit nerven, déi eis den Alldag am Endeffekt awer ganz onopfälleg verschéineren.
Allez ... e klengen Effort ! Déi Méi deet net wéi. Apropos Méi: ech sollt mol nees d'Méimaschinn aus em Schapp huelen - eis Wiss muss geraumt ginn ...