Op Generalversammlung vun der Stater Union Commerciale d'lescht Woch war zimlech jiddereen sech eens, dass d'Heescheleit ee Problem sinn. An dass der Plo mat eisen aktuelle Gesetzer kaum bäizekommen ass. Wéi wär et da mol mat engem frësche Bléck op déi Problematik?

Heeschen ass jo mëttlerweil ee Business wéi vill anerer. Ech stelle mer vir, dass déi genee wéi an aner Firmen och regelméisseg Boardmeetings hunn, wou d'Geschäftsentwécklung gekuckt an d'Strategie definéiert gëtt. Da kuckt de regionale Chef iwwer d'Zuelen a stellt onbequem Froen: Erfëlle mer eis Objektiven? Firwat geet den Ëmsatz zu Metz erop, während en zu Lëtzebuerg stagnéiert? Wat mécht d'Konkurrenz? Wéi et schéngt, huelen déi mat den Hënn eis Part-de-marchéen ewech. Kéinte mir net selwer och op sou Accessoiren zréckgräifen? Wéi wär et mat Kazen? Engem Äffchen un der Léngt? Engem Bébé?

Oder sollte mir nach méi innovéieren, an am Sënn vun der Mixitéit op der Aarbechtsplaz rëm méi op Aler an Handicapéierter zréckgräifen? Musse mer eis Servicequalitéit eropsetzen, Chinesesch a Russesch léieren, fir am Summer déi räich Touristen op hirer eegener Sproch ze empfänken? Misst net och den Design vun eise Kartongen ugepasst ginn? Musse mer vläicht méi aggressiv an de Marché goe mat eise Campagnen an d'Leit nach méi direkt uschwätzen? An natierlech: Location, location, location - stinn, setzen a knéien eis Leit op deene richtege Plazen?

Et huet een et eben net einfach als Geschäftsmann mat villen, net ëmmer héich qualifizéierte Mataarbechter am Aussendéngscht ... A genee do kéinten d'Autoritéiten den Hiewel usetzen. Wann ech mam Auto iergendwou parke wëll an der Stad, muss ech een Ticket kafen … kéint een dat net och fir d'Heeschtere verlaangen, wann se sech op enger Plaz installéiere wëllen? Der Gemengekeess géif et sécher net schueden.

An denke mer och un d'Staatskeess. Wéi wär et mat enger spezifescher Autorisation de commerce? Wéi interessant bleift Heeschen, wa bis 15% TVA dropkommen a systematesch d'Akommessteier fälleg gëtt? A wéi ass et mat Rechnungen? Firwat verlaangt eigentlech ni een no enger Spendequittung?

Erënnere mer eis, dass och den Al Capone net vun der Police, mä vum Steieramt agelacht gouf. Wéi déi bis mat ëm fäerdeg waren, war de grousse Gangsterboss nach net mol méi gutt fir heeschen ze goen. Muschio, Madame, … et wär sech vläit ze iwwerleeën …