Orange!

Haut kritt Holland no 123 Joer mol nees e Kinnek! De Willem Alexander ass domatter den Nofolger vu senger Mamm Beatrix, senger Groussmamm Juliana a senger Urgroussmamm Wilhelmina, déi knapps emol 10 Joer al war, wéi hire Papp gestuerwen ass. Mat 18 Joer ass se 1898 op den Troun komm, hir Mamm huet bis dohinner d'Régence fir se gemaach.
Wéi hire Papp, de leschte Kinnek Willem den 3te gestuerwen ass, hat dat awer och eng Inzidenz op Lëtzebuerg. D'hollännesch Kinneken aus dem Haus Oranien-Nassau, waren nämlech och Grand-Duc vu Lëtzebuerg. An engem Nassau-Familljepakt stoung awer, datt d'Haus Lëtzebuerg ëmmer nëmmen un e männlechen Nofolger géif verierft ginn, also krut 1890 eist Land eng eegen Dynastie: Nassau-Weilbuerg aus Däitschland. Den Ur-Ur-Grousspapp vum Grand-Duc Henri ass deemools op Lëtzebuerg komm a mat 72 Joer Groussherzog ginn.
Séier huet awer och d'Regel vum männlechen Trounfolger musse geännert ginn- de Fils vum Grand-Duc Adolphe ass fréi gestuerwen an hat nëmme Meedercher. Dorënner d'Charlotte, déi iwwer 40 Joer eng charismatesch a populär Grand-Duchesse war.
Den hollännesche Kinniginnen ass et ähnlech ergaangen- och si ware beléift beim Vollek. Dat ass sécher eng Erausfuerderung fir den neie Kinnek Willem Alexander. Hie muss elo emol beweisen, datt och e Mann déi orange Natioun gutt leede kann.
Mä no him kënnt sécher nees eng Kinnigin. De Willem Alexander ass Papp vun 3 Meedercher. Wann de Modell Monarchie dann nach zäitgeméiss ass, natierlech net nëmmen an Holland.
Mä d'Popularitéit vun der Kinneksfamill ass héich. An de Charme vun der neier Kinnigin Maxima dierft do och matspillen!
Oder ass et de Besoin no Glanz a Gloria an Zäiten, wou d'Politik-Middegkeet vun de Mënschen anscheinend grouss ass.