Stéi dozou !

Wann s d' eppes ze soen hues, da so et. A stéi dozou ...
Et ass jo ëmmer nees interessant fir aner Meenungen a Usiichten ze héieren an ze liesen, och wann ee se net onbedéngt deelt. A vu, datt et enorm vill Leit ginn, déi quasi zu all Thema eppes ze soen hunn, fënnt een op de Säite vu Lieserbréiwer, Commentairen an Diskussiounsfore genuch Fudder. Dacks ass dat, wat hei zum Ausdrock bruecht gëtt an héchstem Mooss opschloss- a léierräich, et héiert een och mol déi aner Klack an iwwerhaapt gëtt een op dës Manéier Saache gewuer, déi ee vläicht virdrun net mat an d'A gefaasst hat. Heiansdo sinn et och witzeg, ironesch oder zynesch Bemierkungen, déi einfach nëmme gutt kommen an och esou eraginn. Leider daucht awer och déi eng oder aner domm an iwwerflësseg Remarque op, déi net hätt misse sinn. Soit.
Wann een d'Geleeënheet kritt, säi Pefferkär bäizedroen, dann dierf, da soll een dat och maachen. Mat Intelligenz, mat Respekt, ouni e Blat virun de Mond ze huelen, mat Humor, mat verstoppten Undeitungen, mat Hannergedanken, ... am léifsten awer mat där néideger Zivilcourage. Déi vermëssen ech allerdéngs an héchstem Mooss. Rar sinn déi, déi hir Meenung mam eegenen, resp. dem ganzen Numm ëffentlech maachen. Meeschtens si Commentairen a Lieserbréiwer mat engem Pseudonym, just dem Virnumm oder einfach nëmmen engem Buschtaf mat Punkt ënnerschriwwen. Dat ass méi einfach, geldiert? Incognito kritiséiert et sech besser, anonym kann ee Saache soen, déi ee sech soss net traut. Aus dem Hannerhalt, aus der Deckung, ouni Angscht virun eventuelle Konsequenzen. D'Land ass kleng, de Chef kéint et jo mol liesen, oder den Noper ... oder firwat trauen déi mannst sech an hirem eegenen Numm de Mond opzemaachen? Et mécht ee jo awer keng iwwerluechten Ausso, fir déi ee sech vun Ufank u schummt.
"So mer wéi s de heeschs an ech soen der wien s de bass". Wéi wann dat ëmmer sou einfach wier ... Mä eent ass kloer: wann iwwerhaapt keen Numm opdaucht brauch ee sech iwwert den zweeten Deel vum Sproch logescherweis keng weider Gedanken ze maachen. Oder vläicht dach?