Virun 127 Joer wollt d'Aarbechterbewegung an den USA eng Reduzéierung vun der Aarbechtszäit duerchsetzen: Amplaz 12 Stonnen sollen just nach 8 Stonnen den Dag geschafft ginn. De Generalstreik vum 1. Mäi 1886 – deen no 5 Deeg an enger Bommenexplosioun bluddeg eskaléiert – ass als 'Haymarket-Riot', iwwersat den 'Heemaart-Opstand', an Geschicht agaang. Zënterhier gëtt den 1. Mee vun de Gewerkschaften wéi och der internationaler Aarbechterbewegung als Dag vun der Aarbecht gefeiert.

Den 8-Stonnen-Dag kenne mer och nach haut – jiddefalls zu Lëtzebuerg – mam Problem, datt aktuell net fir jiddereen 8 Stonnen Aarbecht den Dag do ass. Am Mäerz sinn heiheem 17.031 Leit offiziell op der Sich no enger Schaff – dovunner hunn e Véirel och nach manner wéi 30 Joer – a mat 6,6% ass d'Aarbechtslosegkeet déi héchst, déi de Grand-Duché jeemools gesinn huet.

Eng Problematik, déi vill verschidde Léisungsvirschléi kennt.

Haut um 1. Mee dierft der EU hir Austeritéitspolitik de schwaarze Péiter kréien. Fir deem entgéintzewierken, fuerderen d'Gewerkschaften traditionell Moossnamen, fir den Aarbechtsmaart unzekuerbelen mam rhetoreschen Héichpunkt datt den Index – op d'mannst heiheem – keng op den Deckel däerf kréien. Stéchwuert: Respekt virun der Aarbecht.

Wien awer Respekt seet, muss och iwwert de Wäert vu der Aarbecht schwätzen a froen, wéi eng Wäertvirstellung mir als Gesellschaft dann hunn. 30 Joer Wirtschaftsliberalismus hunn dozou gefouert, datt d'Mäert sech globaliséieren, fir dann um internationale Plang moralesch ze versoen. Stéchwuert: "too big to fail". Mam Resultat, datt de jonke Mënsch vun haut ze vill oft iwwerzeegt ass, an enger Gesellschaft ze liewen, an der een alles kafe kann: vun enger neier Nues, iwwert d'Ofschéisse vun engem Déier – egal ob vum Ausstierwen bedrot oder net –, d'Aschreiwung op enger Elite-Uni eventuell direkt mat Ofschlossdiplom bis hin bei eng Staatsbiergerschaft, wéi dës lescht Zypern et senge russesche Millionären ugebueden huet.

Wéi e Wäert huet d'Aarbecht, wann d'Liberaliséierung vu Grondbedürfnisser wéi Waasser, Energie an Transport als Profit via Dividenden dem Kapital ausbezuelt gëtt an am Fall vun engem Defizit de Steierzueler zur Keess gebuede gëtt?

Eng Wierklechkeet, déi Europa zënter der Finanzkris 2008 leider nëmmen all ze gutt kennt.

Am Mëttelpunkt stinn ëmmer eis Virstellunge vun enger gudder Gesellschaft an engem gudde Liewen – Virstellungen, ëm déi ee sech këmmere muss an dat net nëmmen um Dag vun der Aarbecht.

Iech all nach e schéinen 1. Mee!