Wéi ech de Sonndeg am spéide Moien opgestane sinn, huet d'Sonn geblénkt, wäit a breet war keng Wollek ze gesinn, an ech wosst: endlech ass de Wanter eriwwer. Net wéinst der Sonn, net wéinst dem bloen Himmel … mä wéinst engem ganz besonnesche Geroch an der Nues: BBQ!

Et muss genetesch sinn. Wann de Lëtzebuerger vu Fréijoersgefiller schwätzt, da mengt en den irresistibelen Drang de Grill rëm auszepaken a réit Fleesch drop ze klaken. Grill – e Wuert wat nëmmen onvollstänneg beschreift, wat muncheree bei sech opgeriicht huet. Do ginn et quasi komplett Kichen am Gaart, kulinaresch Laboratoiren am Géigewäert vun engem klengen Auto, dobäi Reechertierm am industrielle Format, a passend dozou natierlech ee Comptoir aus Marber an Edelstol, komplett mat Zapanlag a Frigo. Et sinn net nëmmen d'Stacklëtzebuerger, mä och vill vun eisen auslännesche Matbierger, déi dem Grill verfall sinn. Grat wann d'Sardinnen um Feier leien, ass dat souwuel visuell wéi och olfaktesch nëmme schwéier ze ignoréieren.

Ech menge jo souguer, dass eis kollektiv Obsessioun mam Grill zu deenen héijen Terrainspräisser am Land bäidréit. Well si mer mol éierlech: néirens schmaacht d'Grillwurscht sou gutt wéi doheem am Gaart. Ma dofir muss ee mol ee Gaart hunn. Ech kenne Leit, déi hunn et um Balcon probéiert, mä dat ass net dat selwecht. Weis mol ee mir ee Balcon wou een dezente Bindford XL Pro 5000 Deluxe Gasgrill iwwerhaapt mol drop passt. An anere Wieder: wie gär grillt, an dat si wuel 80% vun eiser Populatioun, wäert an engem Appartementshaus kaum glécklech ginn.

Dat ass ee Problem, well d'Politik huet eis oft genuch erklärt, dass wa mer gär méi niddreg Präisser hätten, kee Wee laanscht eng méi héich Densitéit am Wunnengsbau féiert, an mer eis domadder offanne mussen, dass et net fir jiddereen een neit Haus mat Gaart méi gëtt. Dat ass sozial ongerecht, well déi eng dann doheem grille kënnen, an déi aner net. Dofir gëtt et héich Zäit dass no der Steier op eidelen Terrainen a Gebaier endlech och eng Steier um Grill agefouert gëtt. Alternativ kéint een natierlech och iwwert eng „allocation sociale de charbon de bois de barbecue“ nodenken. De Problem um Wunnengsmaart géif déi, wéi aner Subventioune virdrun, allerdéngs éischter verstäerken.

Virun e puer Deeg huet eise Finanzminister gesot, Lëtzebuerg misst fir säi Bifdeck kämpfen. Fir eis Grillwurschten a Kotlette réischt grad!