1 lafende Meter Karl Marx aus Plastik an dat gläich 500 Mol a 4 verschiddene Routtéin; dat ass den Hommage, den Tréier bäi Geleeënheet vum 195te Gebuertsdag fir dee wuel bescht bekannte Fils vun der Staat opriichte gelooss huet. E Gimmick, e Gag eng Touristenattraktioun?

Spektakulär si se op jidder Fall, déi 500 identesch Plastikmännercher vun engem Meter héich bäi der Porta Nigra. D' Kanner, hu vläicht nach am meeschten dervu well déi kleng „Karelen“ fir si op d'mannst op Aenhéicht sinn.

Fir de Rescht kann ee sech froen, op een esou engem grousse Philosoph an Denker, wéi dem Marx mat engem Mix aus Gaardenzwerg a Gummibärchen gerecht gëtt.

Den Artist Ottmar Hörl huet där Installatioune scho méi dacks gemaach, ënner anerem zu München mat richtege Gaardenzwergen, deenen déi riets Hand an d' Luucht gefuer wor. Fir hien ass de Karl Marx ebe kee Monument ma ee Kommunikatiounsmodell an hie wëll d' Leit just derzou motivéieren, fir nei iwwer de Marx nozedenken. Dofir hu se nach de ganze Mee Zäit, well d' Mini-Marxen, bleiwen nach bis de 27. Duerno kéint een da vläit mol eng Ëmfro ënner de Leit maachen, fir ze testen op et gewierkt huet, ob se elo wësse wien dee 500fache Männchen do ass ech mengen déi meescht äntwerte just, de Karlchen, dee Rouden...

Oder et misst een déi sëllech chinesesch Touriste froen, déi op d'mannst wësse firwat, dat se bäi d' Gebuertshaus vum Marx op Tréier pilgeren.

Ech weess et jo net, villäicht ass jo och ee klore politesche Virwahlmessage hannert där Installatioun verstoppt, 500 rout Männercher an der Front virun där schwaarzer Part... ma ech mengen elo gesinn ech se och schon... d' Männercher.

Et wor ower sécher keen Zoufall, datt de Gregor Gysi fir d'Inauguratioun vun der Ausstellung zu Tréier wor, also wat d' Gréisst ugeet.....
Et kann een d'Mini-Marxen fir 350 € d'Stéck kafen an e Sonndeg woren der och schonn 200 verklappt vun deene 495, 5 Stéck wore scho geklaut.

RTL
Apropos: E Philosoph als Gaardenzwerg