"Carpe diem" steet um Teppech, dee vru menger Dier läit. Deen Teppech krut ech vun enger gudder Frëndin geschenkt, als gutt Omen fir déi nei Wunneng an déi ech erageplënnert sinn.

Den Teppech huet seng Plaz fonnt an ëmmer wann ech e kucken, denken ech: "Genéiss d'Liewen!"- et ass esou e positive Message an dach kënnt mer heiansdo e schlecht Gewëssen derbäi, dat mer e béise Fanger mécht a seet: Du kanns dach net nëmme vu Genéisse schwätzen, net nëmmen nom Genoss an no der Freed kucken a kee Gedanken hunn fir all dat, wat net esou gutt leeft op der Welt a fir dat ee sech muss Gedanke maachen oder sech engagéieren.

Ass de Sproch "Carpe Diem" deemno net e bësschen egoistesch?

Nee, ass en net, well wann een et genee wësse wëll an nosiche geet an der Philosophie, da léiert een, datt dësen Ausdrock wuel eng positiv, optimistesch Bedeitung huet awer trotzdem keng egoistesch oder selbstgefälleg.

De Begrëff "Carpe diem" ass beim réimeschen Dichter Horacius entstanen, deen tëscht 65 an 8 viru Christus gelieft huet an de Begrëff an enger vu sengen Oden benotzt huet. Carpe diem heescht bei him awer net reng "Genéiss den Dag", mä an enger liicht verännerter Definitioun "Notz den Dag" oder wuertwiertlech souguer "Pléck den Dag". Et heescht den Dag vun haut notzen a liewen an net just alles op deen Dag ze fokusséieren, deen eréischt kënnt.

Hie steet domadder der Richtung vun den Epikurier no- enger griichescher Philosophie, déi sech op den Epikur berifft, deen ongeféier tëscht 340 an 270 viru Christus gelieft huet an deen d'Theorie vertratt huet, datt een all dat Schéint, wat d'Liewen ze bidden huet, soll genéissen. Dat kléngt sou gesinn no masslosem Genoss, mä grad dat ass et dann awer net: genéissen no den Epikurier heescht: dat Schéint fannen, dat Gutt liewen, Freed a Loscht fannen- roueg a friddlech a fir sech. De richtege Genoss nom Epikur, ass Gléckséilegkeet an Zefriddenheet ze liewen-also Liewesloscht ze hunn an Onloscht ze verhënneren. Am Sënn vun: genéissen ouni Exzessive Plaiséier oder Farniente.

Carpe diem- deemno... lieft haut an hei: bewosst a gerecht vis-à-vis vun deem wat den Dag bitt fir iech a fir déi aner, ouni materialistesche Luxus mä als einfache Genoss am Aklang mat Natur a Solidaritéit

"Carpe diem" steet op mengem Teppech, an och wann d'Schong drop ofgebotzt ginn, ass et op alle Fall kee Sprooch fir mat Féiss ze rennen.

Apropos "Carpe Diem"