Ee Joer ouni Internet

Den amerikanesche Journalist Paul Miller huet et erreecht, wouvun anerer just dreemen: eng eege Säit op Wikipedia, där Referenz um Internet fir alles, wat een am Liewe wësse muss, an dëse Weekend ee Reportage iwwert hien op CNN. A wat huet eise Paulchen geleescht, fir souvill Opmierksamkeet ze kréien? En huet net de Pulitzer-Präis gewonnen, en ass net a Syrien ugeschoss ginn an en huet och keen Interview mam Kim Jong Un gefouert. Alles, wat e geleescht huet, ass ee Joer keen Internet ze benotzen, an elo doriwwer ze schreiwen.
Dat sinn déi Momenter, an deenen ech mech freeën, net zur Generatioun vun de sougenannten Digital Natives ze gehéieren, deene Leit, déi mam Internet opgewuess sinn. Mir al Säck wëssen nach, dass et mol eng Zäit gouf, wou de Juncker nach net Premier war, den Telefon nach e Kabel hat, d'Wuert Internet nach Science-Fiction war a mer och ouni Facebook wossten, wat eis Kollegen de Weekend sou gedriwwen hunn, virun allem, well mer hinnen nogelauschtert hunn, wann se eis dat verzielt hunn, amplaz während dem Gespréich op Twitter ze kucken, wou all déi aner dann dru sinn. Ee Joer ouni Internet ass nëmme fir déi eng Sensatioun, déi scho verréckt ginn, wann se een Dag net online kommen, an dofir 5 Mailen op se waarden.
De Paul Miller hat no sengem Joer Internet-Abstinenz anscheinend 20.000 där virtueller Textfatzen do leien. Ech gi mol dovunner aus, dass et mat deenen net anescht ass wéi mat deenen 200, déi op eiseree waarden, wann en aus dem Congé erëmkënnt: einfach läschen. Wann eppes Wichteges derbäi war, gëtt een et souwisou nach gewuer, an de Rescht huet sech entretemps erleedegt.
Ech erënnere mech nach gutt, viru ronn 20 Joer, wéi ech mäin éischte GSM kaf hunn, 20 Mill huet déi Zill kascht, an d'Minutt 20 Frang. Déi Zäit goufen et net wéineg Leit, déi een domm ugemaach hunn: „Oh hei, kuck hien emol, mengt, e wär wichteg, muss ëmmer erreechbar sinn, dee well jo just uginn.“ Déi selwecht Zort Leit, déi haut voller Bewonnerung d'Exploite vum Paul Miller liesen, deen et jo tatsächlech fäerdeg bruecht huet - an dat ouni Member an enger Selbsthilfegrupp ze sinn! -, ee ganzt Joer net permanent vu Katzevideon, Facebook-Updates an E-Mailen erreecht ze ginn. Eppes, wat meng Bom bis haut ouni Ustrengung fäerdeg bréngt. Op Wikipedia huet s'et dofir awer nach net gepackt ...