Wéini houngt Dir da fir d'lescht an engem Stau? Beim Gibbes Bertolo ass et nach guer net esou laang hier ...

Et war op der Tréirer. An och nach op engem Deel Areler. Am Fong geholl spillt et guer keng Roll, wou et dann elo war. Et hätt iwwerall kéinte sinn. Well wann et aus iergend enger Ursaach fir länger Zäit op eisen Autobunnen net viru geet kann een déi betraffen Automobilisten an zwou Kategorien ënnerdeelen: déi, déi sech mam Schleekentempo offannen an déi, déi mengen, se wieren eng Grimmel méi clever ewéi déi éischt Kategorie.

Et fänkt jo domadder un, datt permanent d'Spuer gewiesselt gëtt. Well et op där anerer jo anscheinend d'office e Krack méi séier rullt. Ech fannen et dann ëmmer witzeg, wann een no e puer honnert Meter nees dee Won nieft sech huet, deen nach Minutte virdrun zum Slalom ugesat hat. Ganz souverän dann déi, déi via Pannespuer laanscht déi zwou Kolonne jauwe fir bei där nächster Sortie d'Autobunn dierfen ze verloossen. Och wann déi Sortie eréischt nom iwwernächste Kilometer kënnt. Oder déi, déi nach ëmmer net verstanen hunn, wéi den Tirettesystem fonctionnéiert, resp. et net wëlle verstoen. Et net akzeptéieren, datt de Konkurrent e puer Meter kéint wannen. Well am Stau si mer jo alleguer Konkurrenten. Déi Impressioun hunn ech op alle Fall mol. Net nëmmen Autoe stauen sech een hannert deem aneren, och d'Emotiounen. Frustratioun, Ongedold, Egoismus, Opportunismus. Et besteet ëmmer nach bei villen d'Iwwerzeegung, datt, wann de Kolli platzt, automatesch och de Knuet opgeet.

Mä wat bréngt et, sech iwwert déi schwaarz Schof opzereegen? Et kascht just nach e puer Nerve méi. An dat doen ech mer scho laang net méi un. Ech hu mer et zum labberen Zäitverdreif gemaach, meng gestresste Leidensgenossen e bëssche méi genee an d'Viséier ze huelen. Hinnen an hir carrosséiert Stuff eranzeluussen. Hiert Behuelen, hir Reaktiounen z'observéieren. Deen hanneru mer, dee sech permanent den Hals verrenkt fir ze gesi bis wouhinner dee Stau dann elo geet. Oder déi jonk Koppel viru mer, déi ganz animéiert mateneen diskutéiert. Déi wäerten dach elo kee Sträit hunn? Nieft mer ass eng Damm amgaang ze simsen, wuel fir ze soen, datt e haut e bëssche méi spéit gëtt. Deen nächsten an der File wullt an der Nues - aha! elo huet en e kritt ... A wann e puer gestresste Chauffeuren op eemol all mateneen ufänken ze laachen, da weess een, datt d'Déckkäpp amgaange sinn.

Jo, esou vergeet d'Zäit am Stop & Go. An d'Laun ass net onbedéngt méi schlecht ginn. Probéiert et mol déi nächste Kéier. Kuckt Iech ronderëm alles a jidderee genee un. Vläicht gesi mer eis ?

RTL

AUDIO: Apropos